Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Exklusiven Abléck an déi nei CD-Produktioun vum OPL

De Komponist Colin Matthews am Interview

Exklusiven Abléck an déi nei CD-Produktioun vum OPL

De Colin Matthews huet iwwer sechs Joer laang mam Hallé-Orchester zesummegeschafft, fir dem Claude Debussy seng Pianosstécker "Préludes" fir Orchester ëmzeschreiwen an opzehuelen. Elo widderhëlt den englesche Komponist an Arrangeur dësen Exercice fir eng CD vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Um Programm: Dat éischt Buch vum Claude Debussy sengen "Images".

auto_stories

4 min

Luc Boentges: Colin Matthews, virun engem Joer huet de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg well en Arrangement vun Iech fir seng Mahler-CD opgeholl. Elo sidd Dir hei fir e weidert Wierk opzehuelen. Wéi ass et zu dëser Collaboratioun komm?

Colin Matthews: Dat koum duerch mäi Verlag. Si haten decidéiert mäin Arrangement vum Gustav Mahler sengem fréie Pianosquartett opzehuelen. Wou de Gustavo Gimeno nach beim Concertgebouw-Orchester war, huet bei dësem Stéck Perkussioun gespillt. Hien huet et also aus enger anerer Zäit kannt. Dat war eng Commande vum Concertgebouw-Orchester, a se gouf d'lescht Joer opgeholl. Mee ech sinn deemools net heihinner komm. Elo sinn ech hei, fir en Arrangement vum Debussy sengem éischte Buch vun den "Images" opzehuelen, fir dat den Orchester eng Commande gemaach huet.

Den Debussy huet jo selwer souwuel fir Piano wéi och fir Orchester geschriwwen, ass et dofir einfach seng Musek vun engem Genre an deen aneren z'iwwerdroen?

Ech géif et net als einfach bezeechnen. E puer mol ass et einfach, e puer mol sinn dem Debussy seng Texturen am Piano immens komplizéiert an et muss ee se komplett iwwerdenken. Dat, wat ech maache wollt, war eng Instrumentatioun ze schreiwen, déi just eng Imitatioun vum Debussy ass. Ech wollt et a mengen eegenen Oueren héieren an da probéieren dat ze reproduzéieren, wat ech héiere konnt.

Wat war Är Approche beim arrangéieren?

Eng vun de Erausfuerderung ass ze probéieren et net no Pianosmusek kléngen ze loossen. Komescherweis ass net den Debussy, mee de Ravel ee vu menge Virbiller. Wann een un eng Orchestratioun wéi dem Ravel säin "Alborada del gracioso" denkt - wann een dat um Piano héiert, géif een net mengen, datt dat méiglecherweis en Orchesterstéck kéint sinn. Wann een et vum Orchester gespillt héiert, kéint kee sech virstellen, datt dat jeemools eng Kéier e Pianosstéck war. Dat ass also méi oder wéineger mäin Ausgangspunkt. Dat Essentiellt ass: Onofhängeg dovunner wéi ech et orchestréieren, et kléngt wéinst der Subtilitéit vun der Harmonie ëmmer no Debussy.

De Claude Debussy huet jo och weltbekannt Orchestermusek geschriwwen, waren déi Stécker nieft dem Ravel eng Inspiratioun?

Natierlech kann een net net un dem Debussy seng Orchestermusek denken. An ech kenne se wierklech gutt. Mee wéi ech virun zéng Joer un de Prélude geschafft hunn, hunn ech eng Regel doraus gemaach, datt ech Partiture vum Debussy mol net upaken, fir net beaflosst ze ginn. Mee hien hat ëmmer en Afloss op mech. Dës Subtilitéit, de Floss vun der Musek... Ech mengen, dat ass eppes, no wat ech ëmmer a menger eegener Musek gestrieft hunn.

Hutt Dir Iech komplett un d'Virlag vum Piano gehalen, oder hutt Dir och eegen Elementer an d'Orchesterversioun agebaut?

Bei dësem hunn ech zwee winzeg Zousätz gemaach. Zwou Figuren. Am éischte Saz ass eng wonnerschéi Figur am Blech, déi hien net widderhëlt. Also hunn ech se einfach nach emol dobäigesat, wat zu engem zousätzlechen Takt gefouert huet. An nach eng Kéier eng ähnlech Figur am leschte Saz. Et gëtt géint der Enn einfach Deel vum Text, an dat gëtt et net am Debussy sengem Original.

Mat de Préluden hunn ech vill méi gemaach. Verschiddener waren esou kleng, datt se eng Vergréisserung gebraucht hunn. Ech hunn zum Beispill an engem vun de Préluden, an "Le vent dans la plaine", eng kleng zousätzlech Expositioun geschriwwen, esou datt et deen Ëmfang hat, deen ee fir eng orchestral Adaptatioun brauch. Wann een et orchestral behandelt, gëtt et zu engem méi grousse Wierk, an et brauch e bësse méi Plaz.

Den OPL hëlt Äert Arrangement ënner der Leedung vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno op. Wéi funktionéiert déi Zesummenaarbecht?

Ech sinn immens frou, datt et a sengen Hänn ass. Ech mengen, hie schéngt instinktiv ze verstoen, wat ech maache wollt. An hien huet sech ganz gutt mat mir beroden a Froe gestallt. Mir schéngen eng gutt Aarbechtsbezéiung zu hunn. Et war schéi mat him ze schaffen.