Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bullion - World_train (feat. Charlotte Adigéry)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franz Danzi: Kee Mozart-Ersatz

Klassik-CD vun der Woch

Franz Danzi: Kee Mozart-Ersatz

Zwee jonk Interprete beschäftege sech mat vergiessene Wierker. D'Resultat ass gläichzäiteg elegant a virtuos. Trotz Aflëss vum éisträichesche Meeschter sinn d'Wierker vum Danzi awer keng Mozart-Kopie.

auto_stories

3 min

CD: Franz Danzi
Label: Sony Classical

Wierker:
Ouverture en re majeur P228
Cello Concerto en mi Mineur P 243
Piano Concerto en mib majeur Opus 4 P 229

Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Interpreten: Nareh Arghamanyan, Piano. Aurélien Pascal, Cello. Münchener Kammerorchester. Direktioun: Howard Griffiths.


Eigentlech hat de Franz Danzi e relativ gudde Start an der Musekswelt gemaach. Genee wéi de Carl Maria von Weber oder den Giacomo Meyerbeer ass hie vum "Abbé" Georg Joseph Vogler musikalesch ausgebilt ginn. 1780, mat nëmme 17 Joer, konnt den Danzi seng éischt Bühnewierker opféiere loossen. Nodeems hie sech 1790 bestuet huet, léisst hie sech am Kader vun enger Tournée an Däitschland an an Italien feieren.

1796 léisst d'Koppel Danzi sech zu München néier. Hei entsteet dem Komponist seng bekanntsten Oper "Die Mitternachtstunde" - e groussen Erfolleg. Domat verdéngt de Komponist sech de Posten als stellvertriedenden Haffkapellmeeschter.

Mee kuerz duerno, gëtt de Franz Danzi vum Pech verfollegt. De Kurfürst Karl Theodor, dem Danzi säi Mäzen, stierft. An och seng Fra stierft mat 32 Joer u enger chronescher Longekrankheet.

Den Danzi wiesselt op Stuttgart an trotz weidere Kompositioune kann hien ni méi u säin Erfolleg uknäppen. Hie bleift awer am Operebetrib zu Stuttgart a Karlsruhe aktiv an ass sengem jéngere Kolleeg Carl Maria von Weber eng trei Hëllef.

Den Franz Danzi stierft 1826 zu Karlsruhe.

Zwee aussergewéinlech elegant Wierker

"De Pianosconcerto vum Danzi gouf ni opgeholl", esou d'Pianistin Nareh Arghamanyan am CD-Heft. Si wier houfreg, d'Wierk als éischt anzespillen. De Concerto steet verschiddene Concerti vum Mozart (KV 271, 482 an 365) ganz no. Mozartaflëss sinn net z'iwwerhéieren, mee d'Stéck ass sécher net als Kopie vum éisträichesche Meeschter ze verstoen. Den Danzi bréngt et fäerdeg, alles aus senger Era eranzebréngen, Brillianz a Virtuositéit, vill Lyrik an Ausdrock an engem zweete Saz an e klassesche Rondo mat kontrapunkteschen Elementer am leschten, ganz positiv kléngende Schlusssaz.

Net vill anescht ass och den Celloconcerto. Elegant, dacks lyresch, an technesch usprochsvoll. Dës vir-romantesch Musek erschéngt wéi eng brillant, virtuos Koloraturstëmm, mee fir Cello komponéiert. E vergiessene Concerto, deen den Cellosrepertoire beräichert, zu enger Zäit, wou dës Concerti vun de Bühne verschwannen.

Zousätzlech komplettéiert eng erfrëschend Ouverture an dräi kuerze Mouvementer vum Franz Danzi dës gelongen CD.

Fazit

Zwee jonk Virtuosen hu sech fir de Pianosconcerto an den Cellosconcerto vum Franz Danzi interesséiert. Déi armenesch Pianistin Nareh Arghamanyan versteet et, mat dësem vergiessene Bijou e ganz agreabele Museksmoment unzebidden. Eleganz a Virtuositéit stinn hei ganz no beieneen, ouni ze forcéieren, ganz natierlech.

De franséischen Cellist Aurélien Pascal kënnt senger Kollegin um Piano och ganz no. Och hie weess dëse vergiessenen Cellosconcerto mat Eleganz a Virtuositéit ze schätzen. Säin Cellosspill ass net nëmme gekonnt, mee richteg sängeresch, intensiv ouni an den Dramapathos ze falen.

Déi zwee Soliste gi vun engem excellente Münchener Kammerorchester begleet, ënnert der Direktioun vum Howard Griffiths, deen de Soliste kloer de Virrang léist.