Radioen

On air

Notturno  |  Bob Marley & The Wailers - Jamming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feist - Multitudes: Verstoppen am oppene Bléckfeld

Album vun der Woch

Feist - Multitudes: Verstoppen am oppene Bléckfeld

Op hirer neier Plack "Multitudes" ass déi kanadesch Sängerin Leslie Feist mat sech selwer am Duett, an am Dialog. Et geet hir net ëm déi gréisstméiglech Melodie, oder dee stäerksten Hook, mee em d'Richtegkeet vum Gefill. Eng subtil Plack, déi déi grouss Froe vun der Existenz formuléiert, an op onerwaarte Manéiere beréiert, fënnt de Marc Clement, an huet eis "Multitudes" als Album vun der Woch matbruecht.

auto_stories

3 min

Esou natierlech, wéi d'Wierder op hirer sechster Studioplack Multitudes vun hire Lëpse falen, kréien dat wéineg Musikerinnen hin, och wann der vill si nogeahmt hunn iwwert d'Joren. Esou intim ass d'Musek op der Plack, datt keng aner Persoun se iwwerhaapt kéint virdroen.

An dat géif een zu Ufank guer net mengen. Den éischten Track, deen och als éischt Single op den Album agestëmmt hat, ass "In Lightning", an deen erënnert mat senge grell Chouerpassagen un d'Björk oder och d'Jesca Hoop. De Rescht vun der Melodie hätt ee sech genee esou och bei der Natasha Khan alias Bat for Lashes erwaart. Et läit een awer falsch, wann ee vireileg op ee beaflossten a beaflossbaren Album tippt. Well wien de Rescht vun der Plack och lauschtert, entdeckt, datt de Song op eng vill méi déif an individuell Manéier den Dekor setzt fir dës Plack, nämlech andeems en een Dialog ustéisst, dee vun der Leslie Feist mat sech selwer, an deen op ëmmer erëm verschidde Manéieren op der Plack stëmmlech duergestallt gëtt.

Opléisung am Dialog

Um zweeten Track, "Forever Before", hëlt d'Plack hiren eigentlechen, rouegen a ganz op d'akustesch Gittar ofgespeckten Toun un, deen der Stëmm d'Bün iwwerléisst. Syntiesnappen erstrecke sech als eenzel Noute vun diskreter Ënnerstëtzung, en esoubal et eescht gëtt, mutéiert d'Feist zu engem Chouer vu sech selwer, oder proposéiert scheinbar verschidden Interpretatioune gläichzäiteg vun derselwechter Melodie. Op "Hiding Out in The Open", konkurréieren zwou Feists mateneen, mee spille sech och an d'Hänn. Esou ass d'Plack eng Sammlung vu verschidde Manéieren, mat sech selwer an d'Rengt ze kommen.

D'Aarbecht u "Multitudes" goung lass no der Gebuert vun der Feist hirer Adoptivduechter am Joer 2019 an dem gläichzäitegen Doud vun hirem Papp. Si huet d'Lidder wärend enger Liveresidenz 2021 an 22 opgeholl. "Déi lescht Jore ware fir mech voller Konfrontatioun, an et fillt sech un, wei wann ech domat net eleng wier. Mir hunn eis selwer misse konfrontéieren an eis Relatioune mat Aneren. Eis relational Ökosystemer goufe méi kloer, an dat wat normalerweis verstoppt war - an ënner normalen Ëmstänn net ugeschwat gi wier - gouf op eemol an d'Liicht geréckelt. An deene villen Neibewäertungen, déi déi gesondheetlech a politesch Situatioun verlaangt hunn, stécht och d'Chance, d'Féiss op méi gesonden, méi éierleche Buedem ze stellen, an eis Efforten am Plaz an d'Verschleierung vun eise Schwächten an eis Wourecht z'investéieren." Esou erzielt d'Leslie Feist de Werdegang vun hirer Plack am Pressecommuniqué, dee genee esou ee perséinlechen Toun uschléit wéi d'Plack.

Expressioun ass Tromp

Déi eng oder aner kleng Dissonanz gëtt dëser Plack hir Perséinlechkeet. Plakeg Vocals maachen d'Nolauschteren onausweichlech, a verhënneren, datt "Multitudes" sech am Hannergrondlauschtere géif verléieren. An der Musek hëlt d'Feist sech grouss Fräiheete vis-à-vis deene Popformullen, déi hir méi fréi Karriär bestëmmt hunn, et erënnert ee sech vläicht nach un hir Kollaboratioune mat Peaches, Kings of Convenience oder dem Mocky, dee sech als laangjärege Produzent vun der Feit och op dëser Plack em den allgemenge Sound an d'Auswiel vun den Takes gekëmmert huet. An déi si riicht ofgefuscht vun eenzegaartege Momenter, ausgewielt no hirer Expressivitéit, net hirer musikalescher Perfektioun.

Den Dout, d'Gebuert, an dat doteschend gëtt hei mat vill Léift an op onverkennbar perséinlech Manéier aus engem klenge Kënschtlerliewen eraus erzielt. Nach ni huet d'Leslie Feist esou réi an esou fragil geklongen. Loosst Iech Multitides net entgoen.