Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feministesche Rock, deen duerch den Americana-Wollef gezu gouf

Dyson Stringer Cloher - s/t:

Feministesche Rock, deen duerch den Americana-Wollef gezu gouf

Wann een un australesch Pop- a Rockmuséker denkt, falen engem als éischt emol AC/DC, d'Kyle Minogue an den Nick Cave an. Australien huet awer musikalesch sou vill méi ze bidden. Och am Indie-Rock-Beräich. Den Album vun dëser Woch bréngt direkt dräi Musekerinnen vun Down Under beienaner.

auto_stories

3 min

Am Film "Portrait d'une jeune fille en feu" - deen d'lescht Woch endlech an de Kinoen ugelaf ass - heescht et an engem Dialog tëschent enger Molerin an hirem Modell: si, Molerinnen, kéinten ni an der Konschtgeschicht opdauchen. Firwat? Well si am 18. Joerhonnert keen Accès zum männleche Geschlecht hätten. An domadder keen Accès zu de grousse Sujeten vun där Zäit. Um Opener vum Long-Player vu Dyson Stringer Cloher heescht et "Underrated, overlooked / A woman's work is never done / Or it's erased from history books." Näischt géint de Paul oder den Nick - de Paul Kelly an den Nick Cave, dee leschte Weekend iwwregens och en neien Album released huet - mee "If you want to be remembered / Then You better have a dick", esou d'Scribe vum Lidd, d'Jen Cloher.

"Falling Clounds" vun Dyson Stringer Cloher. Wat déi grouss Sujeten am Joer 2019 sinn, soll op dëser Plaz net ausdiskutéiert ginn, mee wann et ëm Rock- a Gittaremusek an deene leschte Jore geet, da si Musekerinne vir bäi. Well ouni si wier déi Zort Musek definitiv begruewen. For good. An datt dëse frësche Wand géif vu ganze ënne riets op der Weltkaart kommen, hätt kee geduecht. Zanter 2012 gëtt et Milk! Records an zanter 2012 iwwerrascht dee Label ëmmer nees. D'Courtney Barnett bleift weiderhin d'Aushängeschëld vum Label, mee si ass bei Wäitem net déi eenzeg Musekerin do. D'Bands Jade Imagine an Tiny Ruins hunn eng staark Indie-Perséinlechkeet an d'Milk! Records Mat-Fondatrice Jen Cloher souwisou. Si huet sech elo mat zwou gebiertegen Australierinnen zesummegedoe fir Musek ze maachen. Aus dem Mia Dyson, Liz Stringer an Jen Cloher ginn Dyson Stringer Cloher.

Wat deenen dräi Musekerinnen op hirem kollaborativen Album gelongen ass, ass eng Ouverture aus dräi Songen. "Falling Clouds", "Believer an With My Hands" ginn d'Richtung un a sinn d'Essenz vum Album zugläich. Dräi Songe vun dräi Songwriterinnen, bei deenen et manner wichteg ass, aus wiem senger Fieder se entstane sinn, wéi wéi se vun deenen dräi presentéiert sinn. Zesummen. Dacks a vill an enger Dräier-Harmonie, déi de feministesche Geste nach ënnersträicht. Ouni d'Verspilltheet dobäi ze verléieren.

No deem Indie-Rock-Triumvirat briechen d'Musekerinne mat musikalesche Regëster a ginn et méi roueg un, wann och net manner an der Pop-Rock-Historie verwuerzelt. Kléngt den Ufank nach no 90er Rock, kritt den Disk vu "Can't Take Back" u méi Americana-Sensibilitéiten. D'Instrumentéierunge spillen do natierlech hir Roll, mee déi dräi Lead-Vocale sinn d'Kiischt um Americana Power Pop Kuch. Keng Angscht, hei verkënnt näischt zu Bonnie Tyler oder Dixie Chicks, mee den amerikaneschen Afloss op d'Musek vun den Australierinnen ass net vun der Hand ze weisen. Wéi vill dovunner de Konditioune vun de Sessions geschëlt ass - doriwwer ka just spekuléiert ginn. Op der Batterie souz nämlech de Glenn Kotche, Batteur vu Wilco an opgeholl ass den Album zu Chicago am Loft, dem Opnamestudio vu - jo, Wilco. Déi iwwregens leschte Weekend och en neien Disk released hunn.

Dyson, Stringer a Cloher assuméieren, ob si et wollten oder net, d'Roll vun Ambassadricen, déi Jonker, natierlech virun allem jonk Frae mat der Hand huelen fir e eng kuerz Streck, hinnen de Réck riicht maachn an d'Schëllere breet strecken. Alles gëtt nämlech gutt an d'Dieren stinn op, sinn do, wann een dat och wierklech wëllt. "Take what you know is yours / Make what you know is yours / When you do a thousand doors will open where there were no doors before". D'Aarbecht géint d'Vergiessen an de Geschichtsbicher hält ni op. An deen Album hei ass scho mol eng Androung an esou e Buch derwäert.