Radioen

On air

Kultur um 5  |  D‘Lara Grogan bréngt hiren éischten Album eraus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Festival de Wiltz 2019 - Blaze Away!

Eng villsäiteg Programmatioun

Festival de Wiltz 2019 - Blaze Away!

De Wëltzer Festival geet tëschent dem 27. Juni an dem 25. Juli a seng 67. Editioun. Nei erfanne muss een hei näischt, well d'Programmatioun ass a permanenter Evolutioun a bleift ëmmer um Bols vun der Zäit. Dat beweist d'Affiche vun dësem Joergang, wou sech Ballet, Jazz a usprochsvoll Popmusek zu Wuert mellen.

auto_stories

2 min

Ganz uewen op der Affiche steet eng Balletsproduktioun vum Theater zu Tréier. "Zorbas" vum griichesche Komponist Mikis Theodorakis ass ee vun deenen emblemateschste Ballete vum 20. Joerhonnert, a gëtt am Wëltzer Amphitheater fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg opgefouert.

Och Kannertheater steet op der Affiche, mat deenen zwou vum Kinderkanal bekannte Poppen Jan & Henry, neien Zirkus, an ee kulinareschen Owend mat Waasserkonscht.

D'Musek steet zu Wolz awer am Virdergrond. Eng vun deene renomméiertste liewenden Jazz-Stëmmen, d'Amerikanerin Dee Dee Bridgewater, wäert dem Amphitheater d'Éier ginn. De Lëtzebuerger Jazzdrummer Pit Dahm presentéiert säin neien Album. Mat "Nomad" gëtt et am Hexentuerm vum Schlass eng musikalesch Klezmer-Rees duerch Argentinien, Indien, de Balkan an de mëttleren Osten z'erliewen.

Headliner vun der Pop-Programmatioun sinn déi britesch Trip-Hop-Formatioun Morcheeba, déi nieft Stécker aus iwwer 20 Joer Carrière och Material aus hirer leschter Plack, "Blaze Away" am Gepäck dierften hunn.

Besonnesch stécht och de Sonndeg 21. Juli eraus, deen eng Aart "Festival am Festival" bitt. Bilderbuch, eng intelligent a couragéiert Indie-Band aus Éisträich sinn d'Headliner vun dësem Owend.

D'Schwäizer vu Black Sea Dahu dann, sinn de spezielle Coup de Coeur vum Marc Scheer, deen d'Programmatioun vun dësem Owend zesummegestallt huet. Déi däitsch Schauspillerin a Sängerin Alli Neumann spillt textlech usprochsvollt an dach verspillte Material, ënner anerem vun hirer leschter EP "Hohes Fieber". An och d'Lëtzebuerger Popmusek ass vertrueden: Say Yes Dog, déi bis dohinner hiren neien Album wäerten erausbruecht hunn, spille groovegen Elektro-Pop.

Déi ganz Programmatioun fannt Dir op festivalwiltz.lu.


D'Gespréich mat der Elvira Mittheis a mam Marc Scheer, an der Emissioun Spektrum vum 3. Abrëll

Lauschterenplay_arrow


De Marc Scheer an d'Elvira Mittheis