Aacht Joer, sou laang huet ee nach ni missen op een neien Album vun der Fiona Apple waarden. Et ass kloer, datt d'Erwaardunge mat all Joer méi héich ginn. E positiven Effekt ass allerdéngs, datt dee spuersamen Output vun der Amerikanerin op eng riseg Wäertschätzung stéisst. Rares ass logescherweis méi wäertvoll wéi Iwwermooss. Eppes muss een awer och bei der Fiona Apple wëssen: Hir musikalesch Ergëss sinn ni liichte Kascht, esou erfuerdert och hire fënneften Album "Fetch The Bolt Cutters" eng aktiv Ausernanersetzung.
An engem knapp zéng-säitegen Feature am Magazin The New Yorker schwätzt d'Fiona vun engem Duerchbroch bei der Aarbecht un den neie Lidder. Si hätt d'Gefill vun engem Befreiungsschlag - dat erkläert och den Titel "Fetch The Bolt Cutters", wat sou vill heescht wéi "Géi mir mol de Bolzeschneider sichen". Tatsächlech geet et um Album ëm Momenter vun aktiver Emanzipatioun an alle méigleche Kontexter. Déi gewinnt bësseg Texter a clever Wuertspiller bilde weiderhin d'Häerzstéck vum Textrepertoire vun der 42-järeger Amerikanerin. "Under The Table" zum Beispill handelt dovun, datt si sech net méi vun aneren d'Wuert verbidde léisst.
Politesch Positionéierung
Nach méi wéi op de fréieren Alben "Extraordinary Machine" an "The Idler Wheel" iwwerhëlt d'Perkussioun d'Féierungsroll an ersetzt domat de Piano. D'Fiona Apple seet vu sech selwer, datt si als Dilettantin besonnescht Interesse um perkussive Sound vun alle méiglechen Objeten huet. Dacks steet och ee Beat um Ufank vum Schreifprozess vun engem neie Lidd. Ee Resultat vun dëser Entwécklung ass, datt vill Lidder e mantra-aartege Sog entwéckelen an eppes Ritualhaftes verstréimen. Dobäi kënnt, datt d'Sängerin eng immens Villsäitegkeet an hirer Stëmm huet, déi si och éischter wéi en Instrument benotzt.
D'metoo-Beweegung huet och dozou geféiert, datt d'Fiona Apple sech fir d'éischte Kéier politesch positionéiert. Si, déi mat zwielef Joer vergewaltegt gouf a bis haut ënner de Folge leit, gouf duerch de Prozess ëm den amerikanesche Riichter Brett Kavanaugh besonnesch gerëselt. Ënner anerem an de Lidder "Ladies" a "For Her" verbaliséiert si d'Humiliatioun, déi d'Klägerin Christine Blasey Ford am Geriichtsprozess huet missen erliewen. De moraleschen Zeigefanger bleift awer glécklecherweis aus.
Aacht Joer Schaffensprozess kompriméiert op 51 Minutten - et ass kloer, datt et op dësem Album nees vill ze entdecken an ze genéisse gëtt. D'Déift, d'Intensitéit an en dacks ongewinnte Songopbau féieren dozou, datt d'Fiona Apple alt erëm mat engem villschichtege Meeschterwierk begeeschtere kann. Wann den Output ëmmer sou exzellent ass, wat sinn da schonn e puer Joer Waardezäit?