Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Florian Krumpöck net méi Chefdirigent

Orchestre de Chambre du Luxembourg

Florian Krumpöck net méi Chefdirigent

Concerte mat Gaaschtdirigenten, Pressekonferenzen, déi ëmmer verréckelt goufen, keng Informatiounen iwwer de Programm vun der neier Saison an de Brochurë vun de grousse Concertshaiser: Et huet an deene leschte Woche rumouert beim Orchestre de Chambre du Luxembourg, an elo ass et offiziell: De Florian Krumpöck ass net méi Chefdirigent an de Jean Muller net méi Directeur artistique.

auto_stories

1 min

Atmosphäresch Stéierungen

D'Ursaach fir dëse Remaniement beim Orchestre de Chambre du Luxembourg sinn Onstëmmegkeeten tëschent de Museker an hirem Chefdirigent gewiescht.

Am Mee 2017 hat de Florian Krumpöck d'Successioun vum David Reiland iwwerholl a sollt am Fong fënnef Joer bleiwen. Op der Antenn vum radio 100,7 huet deen däitsche Pianist an Dirigent sech op déi nei Aufgab gefreet, an nach am Januar hat hien ee positive Fazit vu sengen éischte Méint beim Orchester gezunn.

Neie Chef a spéitstens zwee Joer

D'Saison 2018/2019 geet mat Gaaschtdirigenten iwwer d'Bühn. Den Orchestre de Chambre du Luxembourg gëtt sech zwee Joer Zäit, fir sech un der Spëtzt nei opzestelle - sief et mat engem Chefdirigent, deen och d'Funktioun vum Directeur artistique iwwerhëlt, sief et, datt béi Funktiounen erëm separat besat ginn.

Iwwerdeems gouf et och am Verwaltungsrot vum Orchester Wiesselen: Dominique Escande an de Carl Adalsteinsson ersetzen den Adrien Jung an de Paul Meyers. Dominique Poppe an de Claude Origer kommen als Vertrieder vun de Museker an de Verwaltungsrot.