Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frësche Wand aus der Slowakei

Museksindustrie

Frësche Wand aus der Slowakei

Iwwer 40 Joer Kommunismus hunn e Lach an de Plackesammlunge vun de Slowaken hannerlooss. Dee Réckstand ass d'Land am gaangen opzehuelen. D'slowakesch Musekszeen emanzipéiert sech. Dat gouf bei där éischter Editioun vum Sharpe Festival zu Bratislava däitlech

auto_stories

3 min

"Ech hunn dat gär, wann alles frësch an nei an oppen ass", seet den Hollänner Ruud Berends. Hien ass ee vun den Organisateure vum gréisste Showcase-Festival an Europa, dem Eurosonic. D'Slowakei wier e Cowboy-Land. "D'Méiglekteete sinn onendlech, an d'Wahrscheinlechkeet fir ze echouéieren ass enorm."

Et hätt ee jorelaang probéiert dësen Deel vun Europa ze erwächen, seet de Ruud Berends. Genee dat géif elo geschéien. Ënner anerem duerch Initiativen, wéi dem Shapre Festival.

Frësche Wand fir Europa?

"Eis feelen einfach 40 Joer Pop-Museksgeschicht. Déi Albumen, déi dir an är Elteren am Regal hutt, feelen eis", seet den Daniel Baláž vum ëffentlech-rechtleche slowakesche Rádio_FM. Dowéinst wier d'Slowakei e bëssen hannendran, wat d'Musek ubelaangt. Heiansdo wier et gutt, hannendran ze sinn, seet de Ruud Berends. "Dës Länner erwächen zu engem Moment, wou d'Leit, déi d'Museksindustrie erfonnt hunn entweder stierwen oder senil ginn."

Isolatioun kéint gutt sinn, seet de Ruud Berends. Seattle Grunge wier eng isoléiert Zeen gewiescht, déi sech zu engem weltwäite Phänomen entwéckelt huet. Et wier just wichteg, datt ee sech selwer a senge kulturelle Wuerzele géif trei bleiwen. "Déi ganz europäesch Museksindustrie brauch déi frësch Energie aus dëse Länner."

Foto: Ondrej Koščík

De Sänger Alex Konrad gouf zu Bratislava gebuer an ass zu Wien opgewuess. D'Musek fir säin Duo Mickey huet hie mam Gittarist Klemens Wihlidal an der Famill hirem Weekend-Haus an der Slowakei geschriwwen. Obwuel Bratislava a Wien no beienee sinn, an obwuel d'Slowakei Deel vun der EU ass, wier d'Grenz tëschent de Stied nach ganz present an de Käpp. Fir Museker wier et schwéier, déi Grenz ze iwwerwannen.

Vill Idealismus

LALA, de slowakeschen Exportbureau, ass keng Initiativ vum Kulturministère, wéi dat an de meeschte Länner de Fall ass. "Mir maachen dat, well mir wierklech dru gleewen, datt et staark Talenter an der slowakescher Zeen gëtt. An dat wëlle mir deenen anere Länner weisen", seet den Alexander Čerevka. Hien ass ee vun de Membere vu LALA, déi hir ganz Fräizäit an de Projet investéieren. Am Ufank hätt ee LALA just mat eegene Mëttelen a private Spende finanzéiert. Mëttlerweil géif ee vu Subventioune profitéieren.

Fir d'éischt hätt ee probéiert, slowakesch Artisten ze exportéieren, seet den Alexander Čerevka. Awer dunn hätt ee gemierkt, datt et der Zeen um néidege Réckhalt géif feelen. Dofir géif ee sech momentan op Formatioune konzentréieren, an op Initiative wéi de Sharpe Festival.

"Et ginn an eisem Land immens vill Idealisten, déi zesummeschaffen", seet de Michal Kaščák, den Organisateur vum gréissten Open-Air Festival an der Slowakei, dem Pohoda. Gutt Musek hätt et an der Slowakei nach ëmmer ginn. Elo wieren och Leit do, déi déi wirtschaftlech Aspekter vun der Industrie géife verstoen. Dofir wier elo eng gutt Zäit.


Playlist vum Sharpe Festival: