Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Christina Rodrigues - Back Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fussballverréckt Klassiker

WM 2018

Fussballverréckt Klassiker

Phänomenal Goaler, legendär Spiller a Matcher, déi an d'Geschicht agaange sinn. Evenementer déi net nëmmen an der Erënnerung vu Fans eng Roll spillen, mee och an der klassescher Musek. D'Museksredaktioun huet eng Lëscht vu Stécker zesummegestallt, déi am Kontext vum Fussball entstane sinn, oder enk mam Sport verbonne sinn.

auto_stories

3 min

"Nessun Dorma" vum Giacomo Puccini. Mat dësem Air gëtt d'Fussballwelt de 7. Juli 1990 op déi klassesch Musek opmierksam an de Luciano Pavarotti e Weltstar. Zesumme mam José Carreras an dem Plácido Domingo sengt hien e Concert am Kader vun der Fussballweltmeeschterschaft viru 6.000 Leit. De Succès vun dësem Optrëtt war esou grouss, datt de Live-Matschnëtt de bis dohinner meeschtverkaafte Klassik-Album ginn ass, an datt déi dräi Tenéier och op deenen nächsten dräi Weltmeeschterschafte viru Millioune Leit sange konnten.


De 7. Juli 1990 war dee Moment, bei deem Fussballfans och Fans vu klassescher Musek goufen. Museker, déi Fans vum Fussball waren, gouf et awer scho vill éischter. Virop den Edward Elgar. Fir säi Liiblingsclub, d'Wolverhampton Wanderers, huet den Elgar en eegene Fangesang komponéiert. No engem Match vu senger Equipe liest hien an enger Zeitung de Saz: "He banged the leather for the goal", a fënnt, datt een dësen Text gutt an am Stadion sange kéint. Seng Kompositioun kënnt allerdéngs net bei de Fans un a geréit séier an de Vergiess. Trotzdeem sinn d'Wolverhampton Wanderes héchstwahrscheinlech deen éischte Fussballclub, dee vun engem weltbekannte Komponist e Fangesang komponéiert krut. E klengen Trouscht dierft fir den Elgar sinn, datt d'Fans vun de "Wolves" dofir oft d'Melodie vun Nimrod ustëmmen.


Den Dmitri Schostakowitsch war de wuel gréisste Fussballfan ënnert de grousse Komponisten. Wat der vill net wëssen: hie war net nëmme Museker mä och Arbitter. A senger Fräizäit huet hie Course beluecht an eng Lizenz gemaach, fir bei Spiller kënnen ze päifen. A well hien esou e grousse Fan war, huet hien dësem Sport e ganze Ballet dediéiert. Am "D'Gëllent Zäitalter" - engem Propaganda-Stéck fir d'Kommunistesch Partei, geet et ëm eng sowjetesch Equipe, déi am korrupten an dekadente Weste Fussball spillt.


Ee Komponist deen ähnlech verréckt no Fussball ass, wéi de Schostakowitsch ass de Kamran Ince. Wou de "Galatasaray Istanbul" 2000 souwuel d'UEFA Europa League, wéi och den UEFA Super Cup gewonnen huet, war hien esou begeeschtert, datt hien eng Sinfonie komponéiert huet. Den Text, deen an dësem Wierk gesonge gëtt, verzielt d'Geschicht vum Fussballclub. Genannt huet de Kamran Ince seng Sinfonie "Galatasaray".


A "The Beserking" verschafft den James MacMillan eng Situatioun vu sengem Liiblingsveräin Glasgow Celtic. Beim Auswäertsspill verléiert de Club, de Retour-Match gewënnt en awer. Duerch d'Néierlag am Auswäertssspill flitt Glasgow Celtic trotzdeem aus dem UEFA-Cup. Zimlech sécher ass dëst déi eenzeg Kompositioun aus der Museksgeschicht, déi duerch d' Auswäerts-Goal-Reegel inspiréiert gouf.


1995 muss den Duncan Ferguson wéinst engem schlëmme Foul fir dräi Méint an de Prisong. Kuerz éiert hien hanner Gitter kennt, entscheet de finnesche Komponist Osmo Tapio Räihälä de Fussballspiller mat engem musikalesche Portrait ze beschreiwen. Op där enger Säit vertount hien seng Aggressivitéit. Op där anerer säi "lyreschen Ënnertoun", deen de Komponist am Ferguson senger Déiereléift erkennt. Resultat ass d'sinfonesch Dichtung: "Barlinnie Nine: A Tribute to Duncan Ferguson".