Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Géint d'Grenze vun de musikalesche Genren

Yves Tumor - Heaven To A Tortured Mind

Géint d'Grenze vun de musikalesche Genren

"Heaven To A Tortured Mind" heescht deen neien a mëttlerweil véierten Album vun Yves Tumor. Op dësem presentéiere si sech ongewinnt poppeg a verloossen hir experimentell Heemecht. Wien den Album awer als Beweis fir de Mainstream Sellout vun Yves Tumor deit, täuscht sech. Ënner de funkege Beats a verzerrte Gittaren ass "Heaven To A Tortured Mind" virun allem d'Verweigerung vu musikalesche Grenzen an eng Ode un d'Widderspréch.

auto_stories

3 min

Wéi wann eng Marching Band aus engem 70er Jore Blaxploitationfilm géing aus den Hautparleure kommen, esou kënnegt sech deen neien Yves Tumor Album "Heaven To A Tortured Mind" am Opener un. Wien allerdéngs eng reng Soul oder Funk Scheif erwaart, täuscht sech. Et gëtt genee do weidergemaach, wou virun zwee Joer mam leschten Album opgehale gouf: bei der kompletter Verweigerung vun Genregrenzen a musikaleschen Zouuerdnungen.

Um neien Album, deem mëttlerweil véierten, zerwéieren Yves Tumor, déi sech als net-binär geschlechtlech identifizéieren, een eklektesche Mix aus funkegen RnB Beats, experimentellem Dreampop a GlamRock-Gittaren, déi sech vun allen Akkorden an Harmonië lassrappe wëllen an awer onverkennbar no T-Rex oder Bowie kléngen.

Vläicht een op Scheif gepressten Inside Joke vun der Konschtfigur Tumor, hanner där sech d'Persoun Sean Bowie verstoppe soll. Ob dat wierklech hire biergerlechen Numm ass, weess awer kee sou genee. Wéi och hir Musek, wëllt Yves Tumor keng fest Gestalt unhuelen a presentéiere sech op hiren Albumcoveren a Museksvideoen als dämonesche Shapeshifter.

Un de Mainstream eruntaaschten

Tëschent de Welte wanderen ass quasi d'Leitmotiv vun Yves Tumor hirer Metamorphos. 2016 nach hate si sech mam Album "Serpent Music" als experimentell Klangkënschtler presentéiert, deenen hire Mix aus Noise an Ambient vun de Kritiker als musikalesch Revelatioun gefeiert gouf. Pop gouf et hei héchstens als ergänzenden Tabubroch, fir dat Experimentellt vläicht nach eng Grëtz méi "weird" ze maachen.

Mam Wiessel op de britteschen Indielabel Warp an dem Album "Safe in the Hands of Love" vun 2018, hu sech Yves Tumor lues awer sécher un de Mainstream erugetaascht. De grandiosen Disk ass d'vertounten Ambivalenz tëschent der rauer Dissonanz vum Virgängeralbum an dem Verlaangeren no enger neier Heemecht am Mainstream. Hei sinn Yves Tumor elo mat "Heaven To A Tortured Mind" definitiv ukomm.

Androgyn Sexiness

Yves Tumor hu keng Angscht virum Mainstream. Au contraire, si sangen him mat "Super Stars" um neien Album souguer eng Hymn an zecken mol net viru kitschegen an klischeehaften "Oh Baby, you oh you" Lyrics zeréck. Wie schonn eemol d'Chance hat Yves Tumor live ze gesinn, weess, datt et wuel zanter dem Iggy Pop keng méi grouss Rampesau am Rockgeschäft méi gouf.

Um neien Album gi si sech dem testosterongeluedene Rockerethos hin a reecheren e mat enger gudder Dosis androgynner Sexiness un. Et schéngt, wéi wann Yves Tumor d'Widderspréch net nëmmen aushalen, mee se sech souguer uneegnen a se an de Mëttelpunkt vum kreativen Prozess stellen. Vläicht ass dat jo den Himmel fir déi gepéngegt Séil, déi Yves Tumor um neien Album zelebréieren.