Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lata Gouveia - Radio Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschichte fir Harf a Piano

Klassik-CD vun der Woch

Geschichte fir Harf a Piano

Wann eng Harf mat sengem Cousin dem Piano als Duopartner optrëtt, da kann ee sech e faszinante klengen Orchesterklang erwaarden. Den Duo Praxedis, eng Harfenistin an eng Pianistin, huet en neien Disk erausbruecht.

auto_stories

3 min

Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Interpret: Duo Praxedis
Praxedis Hug-Rütti, Harf
Praxedis Geneviève Hug, Piano

Wierker: Original Operebeaarbechtunge fir Harf a Piano vum Charles Oberthür, Theodore Labarre, Henry Steil, Sophie-Lucille Larmande des Argus, François-Joseph Naderman an Aneren.

Label: Ars Produktioun - 2 CD - ARS 38 546


En Duo Mamm-Duechter

Schonn 2015 hat den Duo Praxedis en Disk erausbruecht mat Beaarbechtunge vum Rimsky-Korsakov senger "Shéhérazade". Speziell un dësem Schwäizer Duo ass, datt Mamm Praxedis Hug-Rütti op der Harf an Duechter Praxedis Geneviève Hug um Piano zesummespillen.

Operebeaarbechtunge fir Harf a Piano

U sech ass d'Iddi net ganz originell, well schonn am 18. an am 19. Joerhonnert dacks Transkriptiounen, Variatiounen oder nach Paraphrasen aus bekannten oder méi onbekannten Operentheme fir divers Instrumentebesetzunge gemaach goufen.

D'Harf an de Piano ginn awer net dacks zesummebruecht, wat dësen Duo Praxedis ëmsou méi interessant mécht. Déi zwee Instrumenter passe klanglech fantastesch beieneen.

D'Komponisten op dësem Disk sinn exzeptionell, well si haut zum Deel vergiess sinn: Charles Oberthür, Henry Steil, Theodor Labarre oder nach Benedetto Negri an anerer. Vill vun deene Museker waren am 18. oder 19. Joerhonnert Harf-Virtuosen an hu fir hiert Instrument entweder Originelles kreéiert oder bekannte Melodië fir Harf a Piano zesummegestallt.

D'Melodien, déi den Duo proposéiert, si bekannt: Duett iwwer Themen aus "Sonnambula" vum Bellini, den Terzett "Zitti Zitti, Piano Piano" aus dem Rossini sengem "Barbier de Séville", d'Ouverture aus där selwechter Oper, Variatiounen aus dem Mozart senger populärer "Figaros Hochzeit".

Interessant sinn och e bësse méi vergiesse Wierker, déi vill Charme ausstralen, wéi d'Fantasie iwwer Motive vu "Marie" vum Ferdinand Hérold, déi een entdecke kann. Aner Melodien op dësem duebelen Disk, aus "La gazza ladra" oder "La favorite", sinn net onbedéngt onerwaart, mee passe perfekt zum Programm.

Fazit

En Disk ronderëm Harf a Piano vu Komponisten, déi Bekanntes aus den Opere vu Mozart bis an de Bel Canto arrangéiert, respektiv ronderëm fantaséiert hunn.

A voller verdreemter Fantasie erkléngt den duebelen Album vun der Mamm an hirer Duechter mat duusse Kläng vun engem Piano, deen d'Harf net iwwerdeckt. Ganz am Géigendeel: déi zwee Instrumenter funktionéieren a Symbios a passe klanglech perfekt zoueneen. Och kompositoresch sinn déi zwee Instrumenter gläichberechtegt, eng wichteg Viraussetzung, déi déi wou Dammen och respektéieren. Mat vill Virtuositéit, Lyrismus a Präzisioun suergt dësen duebelen Disk fir zwou agreabel Museksstonnen.