Radioen

On air

Al Schanken  |  Vaughan, Stevie Ray - Pride And Joy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gespréich mam Mikael Akerfeldt

Metal

Gespréich mam Mikael Akerfeldt

Wann de Publikum d'Lidder virum Concert kennt, komme se besser un, sou de Mikael Akerfeld. De Sänger a Mastermind vun der Kult-Band Opeth schwätzt iwwer seng rezent Entwécklungen, de Studio vu Queen a Concerten an der Oper.

auto_stories

2 min

Den David Wagner an de Mikael Akerfeldt vun Opeth

"Museker, déi op der Bühn Samples oder Backing Tracks benotzen, si Fuddler." De Frontmann vun der legendärer Progressive Metal Band Opeth rechent mat ville vu senge Museker-Kollegen of. Et wier een essentiellen Deel vum Museker-Sinn, dat op der Bühn reproduzéieren ze kënnen, wat een och um Album fäerdeg bruecht huet, sou de Mikael Akerfeldt. Him géif et Spaass maachen, Stécker sou ëmzeschreiwen oder verschidden Deeler live anescht ze spillen, fir datt et genee sou kléngt, wéi um Album.

Positive Feedback trotz Stilbroch

Bei deene leschte Concerte vun der schwedescher Band war de Feedback extrem positiv. Virun allem op d'Lidder vum neien Album "Sorceress" huet de Public gutt reagéiert. Dat léich wuel dorunner, datt d'Fans dës Stécker scho kannt hunn, iert si se live héieren hunn, sou de Sänger a Gittarist.

Dat war beim Album, mat deem si 2011 eng éischte Kéier e komplette Stilbroch gewot hunn, net de Fall. Do wiere vill Fans op de Concerte schockéiert gewiescht. Dofir géife si elo och live ëmmer eng gesond Mëschung aus alem an neie Material spillen.

Queen-Studio "net extra"

Déi zwee lescht Albumen hunn Opeth an de Rockfield Studios a Wales opgeholl. An de 70er Joren hunn ënner anerem Queen hei zwee Disken enregistréiert. De Mikael Akerfeldt gëtt zou, datt et guer net sou extra gewiescht wier, an deem Studio ze schaffen. Och de Piano, op deem de Freddy Mercury 1975 "Bohemian Rhapsody" opgeholl hat, hätt am Endeffekt guer net méi sou gutt geklongen. Opeth hätten dee Piano guer net benotzt, fir d'Piano-Passagen op hirem neien Album anzespillen.

De Mikael Akerfeldt fënnt, datt hie sech als Sänger weider entwéckelt huet. Op deenen neien Albume séngt hie quasi just nach clean. Dat wieren nei Erausfuerderunge fir hien.


Lauschtert dat ganzt Gespréich, dat den David Wagner mam Sänger opgeholl huet. Den 23. November hat Opeth e Concert am Atelier gespillt.

Mikael Akerfeldtplay_arrow

Ënner anerem geet et ëm Concerten op Plazen wou Metal-Bands normalerweis keen Zougang hunn. Zum Beispill d'Sydney Opera House oder d'Royal Albert Hall. Och hiren neien, eegene Label ass een Thema. Grad ewéi seng Interpretatioun dovunner, datt vill Fans hir al Saache léiwer hunn. A firwat hie fënnt, datt deen aktuellen Album "Sorceress" dee beschten ass.