Radioen

On air

De Moien  |  Balthazar - I'm Never Gonna Let You Down Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gestane Gréissten a jonk Talenter

International Classical Music Awards 2019

Gestane Gréissten a jonk Talenter

D'International Classical Music Awards (ICMA) sinn e Fachjury vu Museksjournalisten aus Print- an Audio-Medien - dorënner och de radio 100,7 - dee Joer fir Joer déi bescht Produktiounen op CD an DVD auszeechent. E Freideg war zu Luzern d'Präisiwwerreechung mat Gala-Concert.

auto_stories

2 min

© Martin Hoffmeister

Wéi all Joer bei den ICMA gouf et och 2019 eng spannend Mëschung aus confirméierte Solisten a jonken Interpreten, déi um Ufank vun enger internationaler Carrière stinn.

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards ass an där Hisiicht e Spigelbild vun der Exzellenz vun Audio- a Videoproduktiounen, déi dëst Joer e Präis gewonnen hunn.

Vun der aler bis bei déi zäitgenëssesch Musek

D'Palett geet dobäi vun der aler Musek iwwer de Barock, d'Oper, de Solo-Récital, Kammermusek, symphonesch Musek bis bei zäitgenëssesch Wierker. Dernieft vergëtt de Jury vun den ICMA och eng Rëtsch Spezialpräisser.

De Präis fir säi Liewenswierk krut de brasilianesche Pianist Nelson Freire, deen zanter 70 Joer op der Bühn steet. Kënschtler vum Joer war och e Pianist: de Spuenier Javier Perianes. Säi Landsmann Francisco Coll, ee vun deene profiléiertste Komponisten am Ament, krut de Präis vum Composer of the Year.

D'International Classical Music Awards hunn awer och ëmmer Zukunft am Bléck an zeechnen an Zesummenaarbecht mat der internationaler Museksakademie vu Liechtenstein jonk Kënschtler aus: Young Artist of the Year ass 2019 de kroatesche Fagottist Matko Smolcic. Den Discovery Award krut déi 15järeg Pianistin Eva Gevorgyan.

Concert mam Luzerner Symphonieorchester

D'Präisiwwerreechung an de Gala-Concert vun den ICMA waren dëst Joer op Invitatioun vum Luzerner Sinfonieorchester am KKL zu Luzern. Den Orchester ass en résidence am Kultur- a Kongresszentrum Luzern an huet sech ënner der Intendanz vum Numa Bischof an der Direktioun vum James Gaffigan zu engem international unerkannten Ensembel entwéckelt.

Fir de Concert vun den ICMA stoung de Luzerner Sinfonieorchester ënner der Leedung vum Lawrence Foster, dee sech als een exzellente Partner vun alle Solisten erwisen huet. E besonneschen Ament gouf et, wéi de finneschen Dirigent Leif Segerstam (Präis fir seng Sibelius-Opnamen) dem Jean Sibelius seng Valse triste dirigéiert huet. Hei huet een nees gespuert, datt Musek effektiv méi ass, wéi just Nouten.

Véier Lëtzebuerger Nominatiounen

319 CD- a Video-Produktioune ware fir d'International Classical Music Awards 2019 nominéiert. Dorënner waren och véier Lëtzebuerger Produktiounen: Artemandoline mat senge Concerti Napolitani, d'Solistes Européens, Luxembourg mat Farrenc-Symphonien, den Orchestre Philharmonique du Luxembourg mat sengem Strawinsky-Album an de Perkussionist Christophe Sietzen mam Disk "Incantations".

2022 wäert Lëtzebuerg ganz am Zeeche vun den International Classical Music Awards stoen. Da sinn d'Präisiwwerreechung an de Concert an der Philharmonie mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.