Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Good News fir Ogazón

Lëtzebuerger DJ zu Berlin

Good News fir Ogazón

Vill Jonker dreeme vun hirem Beruff: Si ass DJ, lieft zu Berlin an huet grad beim Marcel Dettmann senger neier Agence ënnerschriwwen. Leschte Sonndeg hat si hiren drëtten Oprtëtt am bekannte Club Berghain.

auto_stories

4 min

Et gesäit villverspriechend aus fir der Nathalie Faber Ogazón hir Karriär. Leschte Sonndeg hat si hiren drëtten Optrëtt am berümte "Berghain". De Berliner Club gehéiert zu de wichtegste Plaze fir elektronesch Musek iwwerhaapt. Duerch de Berghain hätt si iwwerhaapt de Wëllen entwéckelt, fir eng Karriär als DJ unzefänken.

2014 wier si fir d'éischte Kéier do gewiescht. "Dat war sou eng Experienz, déi mech komplett matgeholl huet", seet d'Ogazón. Si wier immens houfreg a glécklech, elo reegelméisseg kënnen do ze spillen. "Sou Plaze wéi de Bergain ginn et der net vill op der Welt, an et ass immens wichteg fir mech, dat erliewen ze kënnen."

Eng nei Agence

Den Talent vun Ogazón ass och dem bekannten däitschen DJ a Produzent Marcel Dettmann opgefall. Nodeems d'Booking-Agence "Ostgut Ton" zougemaach huet, huet hie seng eegen Agence gegrënnt. An Ogazón ass ee vun den dräi Nimm, déi duerch "Good News" vertruede ginn.

Dat sinn och Gutt Noriichte fir d'Carrière vun Ogazón. "Säitdeem ech ugefaangen hunn, elektronesch Musek ze lauschteren, war [de Marcel Dettmann] ëmmer eng Persoun, déi mech immens inspiréiert huet." Et wier eng Éier fir si, dir elo mat him kënnen zesummen ze schaffen.

Strictly Vinyl!

Wat mécht fir Ogazón e gudden Track aus? Musek misst eng Emotioun ausléisen, seet d'Nathalie. "Den Track muss ee mathuelen. Et muss ee kënne lassloossen a sech vum Track dreiwe loossen."

Am Géigesaz zu de meeschte jonken DJ's spillt Ogazón just mat Vinyl-Placken. Si huet eng Virléift fir Musek aus den 90er Joren. Si géif vill Zäit dran investéieren, fir Placken ze organiséieren.

Momentan ass Ogazón just als DJ aktiv, si huet awer och ugefaange, sech mat der Produktioun vu Musek ze beschäftegen. "Hoffentlech wäert ech geschwënn eppes erausbréngen", seet si.