Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ (Relativ) begeeschtert Reaktiounen

Grammy

(Relativ) begeeschtert Reaktiounen

Déi afrikanesch Sängerin Angélique Kidjo krut bei de wichtegste Musekspräisser vun der Welt e Grammy an der Kategorie World Music. A Lëtzebuerg ass dobäi: D’Musek vum Album gouf vum Gast Waltzing arrangéiert a mam OPL zu Lëtzebuerg opgeholl. D'Begeeschterung ass grouss.

Maxi Pesch / ckl

auto_stories

2 min

D'Angélique Kidjo mam Grammy un deem och Lëtzebuerg bedeelegt ass (©Reuters)

De Kulturminister Xavier Bëttel an de Staatssekretär fir Kultur, de Guy Arendt hunn dem Angélique Kidjo, dem Gast Waltzing an dem OPL de Moien iwwer Communiqué fir de Grammy felicitéiert. An och op Twitter ware vill Gléckwënsch ze liesen. De Xavier Bëttel seet, hie wier houfreg. Hie gesäit am Projet eng "Hochzäit tëschent Afrika an Europa", déi "um lëtzebuergesche Buedem stattfonnt" hätt.

"Do gesäit een, datt d'Kultur keng Grenze kennt, ob dat tëscht de Kontinenter oder de Musiksstiler ass", sou de Xavier Bettel. An: de Grammy wier och eng Unerkennung fir d'Aarbecht déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn ass. 

Gutt fir de Numm vum OPL a Lëtzebuerg

Den Direkter vun der Philharmonie, Stephan Gehmacher, ass sech sengersäits sécher, datt de Grammy sech positiv wäert op de Bekanntheetsgrad vum OPL am Ausland auswierken.

"De Moien huet ee scho gesinn, datt den OPL vun de BBC News an an de verschiddensten amerikaneschen Zeitunge genannt ginn ass. Dat hëlleft op jiddefalls de Numm vum Orchester an de Numm vu Lëtzebuerg an d'Welt ze droen".

"Dat si net onbedengt déi Bescht"

Fir de Pit Dahm, lëtzebuerger Jazzmuseker an 100,7-Mataarbechter gesäit dat Ganzt méi nuancéiert. Et kéint een de Grammy mam "Oscar" fir d’Filmer ze vergläichen: En hätt net onbedéngt eppes mat der Qualitéit vun der Musek ze dinn.

Am Jazz géif een dat gutt gesinn: "Mam Robert Glasper, dem Terence Blanchard oder dem Christian Mc Bride setzen ëmmer déiselwecht an der éischter Rei. Dat si net onbedéngt déi bescht, mee awer déi déi ëmmer gepusht ginn".

De radio 100,7 recommandéiert an deem Kontext d'Emissioun "Voices Spezial" iwwer den Album mam Numm "Angélique Kidjo sings with the Orchestre Philharmonique du Luxembourg", grad wéi d'Emissioun "Musikalesch Visitekaart" mam Gast Waltzing.