Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Great Mountain Fire spillen Aircheck-Session

LIVE-MUSEK UM 100,7

Great Mountain Fire spillen Aircheck-Session

Dëse Samschdeg ass déi nächst Aircheck-Session an der Kulturfabrik. Dëse Concert gëtt, wéi gewinnt um 17 Auer hei um radio 100,7 iwwerdroen. Op der Affiche: déi belsch Pop-Formatioun Great Mountain Fire. Si hunn dëst Joer hiren drëtten Opus "Movements" erausbruecht. De Sänger a Frontmann Thomas de Hemptinne verréit, wéi Great Mountain Fire 2020 iwwerbréckt huet a wéi d'Release vum Album verlaf ass.

auto_stories

3 min

Thomas de Hemptinne: 2020 war en eenzegaartegt Joer. Et war "merdique". Eigentlech wollte mir "Movements" am Mee erausbréngen. Mee dunn hu mir decidéiert fir ze waarden. A well den Album schonn am November 2019 gemastered gi war, a mir schonn un déi nächst Projete geduecht hunn, wollte mir net méi waarden. Dofir hu mir decidéiert fir en elo am November erauszebréngen.

Philippe Hansen: Dat hutt dir am Botanique zu Bréissel gemaach?

Jo, de Botanique huet eis proposéiert, datt mir den Datum géife bäibehalen, deen ofgemaach war, an datt mir e Live-Stream géife maachen. Fir eis war et eng grouss Freed fir kënnen ze spillen, a fir dat trotz allem mam Publikum kënnen ze deelen. Dës Period ass fir Museker ganz komesch, well ee seng Musek net méi "richteg" mam Publikum kann deelen. Mee mir si frou, datt mir den Album trotz allem konnten erausbréngen.

Kritt dir an der Belsch als Grupp oder als Kënschtler finanziell Hëllefen oder soss Ënnerstëtzung?

Et ginn effektiv Hëllefen, wann de Revenu vu Museker ënner engem bestëmmte Montant ass. Ech mengen dat läit ëm 1.000 Euro. Wann een do drënner läit, kritt een eng kleng Ënnerstëtzung. Et ginn do verschidden Acteuren, zum Beispill d'Sabam, déi d'Droits d'auteurs geréiert, Playright, déi d'Droits voisins geréiert an da ginn et nach aner Organisatiounen, déi kënnen hëllefen. Mir hunn net immens vill Demanden dofir agereecht. Mir hu just eng Hëllef fir d'Sortie vum Album ugefrot.

Looss eis iwwer är Musek schwätzen. Wéi ënnerscheet sech den neien Album vun deenen zwee éischten? Den zweeten Opus "Sundogs" war eng Grëtz méi experimentell a vläicht manner accessibel wéi "Movements"?

Fir den Album "Sundogs" hate mir eisen eegene Studio gebaut. Mir hunn eis eng limitéiert Zäit ginn, wou mir improviséiert hunn, wat zu méi experimentelle Resultater geféiert huet. Beim kreative Prozess vu "Movements" ware mir déi ganzen Zäit op Tournée. Mir haten also déi ganzen Zäit de Lien mam Publikum a konnten déi nei Stécker op de Büne spillen. De Feedback vum Publikum huet et eis erlaabt fir dat auszebalancéieren, wat mir wollte maachen. Dat ass de groussen Ënnerscheed zu deenen zwou éischte Placken. Deen hei Album hu mir scho gespillt, éier en opgeholl gouf.

Wann een ouni Publikum spillt, huet dat en Afloss op d'Energie oder de Rhythmus vun de Concerten?

Wa mir spillen, spille mir ëmmer zesummen. Dat ass d'Basis. Natierlech feelt eppes. Wann een dem Publikum eppes wéist, da geschitt eppes. Heiansdo gëtt een och enttäuscht, wann ee Méint laang ëmmer dat selwecht spillt. Momentan si mir einfach frou fir kënnen ze spillen. Ech hunn dat perséinlech net schlecht erlieft.


Great Mountain Fire spillen dëse Samschdeg, den 19. Dezember, eng Aircheck Session an der Kulturfabrik. De Concert gëtt live tëschent 17:00 an 18:00 hei um radio 100,7 diffuséiert.

Lauschtert de ganzen Interview: