Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gregory Porter: "Take me to the alley"

CD-Tipp

Gregory Porter: "Take me to the alley"

D’Resultat héiert sech méi ausgeglachen u wéi de Virgänger “Liquid Spirit”, d’Stëmmung ass méi relachéiert, mat lues bis Mëtt-Tempo Titelen - déi ideal Begleedung fir e relaxen Owend.

auto_stories

6 min

© Decca Records/Universal Music

Trotz den exzellenten AlbumeWater” (2011) a “Be Good” (2012), ass et mam Bestseller “Liquid Spirits” (2013), datt de Gregory Porter schlussendlech mat engem wuel verdéngte Grammy ausgezeechent gouf. Jiddereen huet vun dëser Scheif nach d’Titelen “No Love Dying” an “Hey Laura” an Erënnerung, op deenen de Porter eis mat richtegem Pathos sentimental Geschichte gezielt huet. “Liquid Spirit” war nostalgesch ausgefall, mat Wuerzelen am traditionellen Jazz a Soul.

Mam neien Opus “Take me to the alley” (Mee 2016) mellt sech de Gregory Porter zeréck mat sengem laangjärege Kollaborateur Kamau Kenyatta. D’Resultat héiert sech méi ausgeglachen u wéi de Virgänger “Liquid Spirit”, d’Stëmmung ass méi relachéiert, mat lues bis Mëtt-Tempo Titelen - déi ideal Begleedung fir e relaxen Owend.

Dem Porter säin “Take me to the Alleykléngt méi nodenklech. Den Artist mat der Kap, dem dichte Baart a mam bis uewen zougeknäppten Hiem, verzaubert weider mat senger labber-monumentaler Stëmm, eng Mëschung vu Soul an Jazz, wéi bei “Don’t lose you steam”. Dat, an och “Day dream”, sinn zwee Titele wéi Erzielunge fir dem Gregory Porter säin dräi Joer jonke Fils, se kléngen e bësse wéi e Liebeswéi.

Thematesch kohärent wéi e Konzeptalbum

Mat “Consequence of love” an “Don’t be a foolkommen d’Regreten zum Ausdrock, Feeler aus senger Vergaangenheet... Den exzellentenInsanity” (den Ufank fëllt eng gedämpten Trompette aus, Ambiance: Jazzkeller) verzielt vun der Leidenschaft vun enger Koppel. Obwuel getrennt, wëlle se sech net opginn... Mat “More than a Womansetzt de Gregory Porter een Denkmal fir seng u Kriibs verstuerwe Mamm. Eng Fra, déi un hire Jong gegleeft a seng Carrière als Sänger ënnerstëtzt hat.

Eenzege klenge Bemol um neien Album: de Manktem u Kontrast, sief et an den Tempi wéi och am Sound. Dat verzeit een dem Kënschtler awer gär. Thematesch sinn d’Tracks esou kohärent wéi op engem Konzeptalbum.

Déi aner Museker muss een onbedéngt ernimmen. Nieft dem Piano vum musikalesche Leader Chip Crawford hu mer den Aaron James (exzellent op der Bass), den Emanuel Harrod (Batterie), verstäerkt vun der Blechsektioun: Yosuke Sato (Alt Saxophon), Tivon Pennicot (Tenor Saxophon) a Keyon Harrold (Trompette an, zesumme mam Produzent Kamau Kenyatta, d’Horn Arrangements). D’Lidder stamen all aus der Fieder vum Greg Porter selwer. Kuerz Apparitiounen um Album: d’Sängerin Alicia Olatuja an den Organist Andreij Pivec.