Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  LA Priest - It's You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hip Hop Hausgemaach

Musek

Hip Hop Hausgemaach

"Sief einfach du selwer, well mir dulde keng Kopie", rappen de Corbi an den David Fluit (alias Gilles Corbi an David Galassi) am éischte Stéck vun hirer neier EP, déi si Freiden, 24. Mäerz an der Escher Kulturfabrik virstellen.

auto_stories

4 min

David Galassi vun De Läb (Foto: Lisa Lahos)

"Ween ass am Haus?" heescht den Titel an d'Äntwert dorop ass natierlech: De Läb ass am Haus. 2007 waren si eng vun den éischte Formatiounen, déi d'Iddi haten, d'Lëtzebuerger Sprooch als Hip Hop-Handwierksgeschier ze notzen. Mëttlerweil si vill Kënschtlerinnen a Kënschtler de selwechte Wee gaangen, vun Nicool bis Turnup Tun.

"Mir sinn nach ëmmer hongereg!"

Ëm De Läb war et zanter 2018 e bësse méi roueg ginn, net just, wéinst der d'Pandemie, mee och well d'Liewen dertëscht koum, Famillje gegrënnt goufen a manner Zäit fir d'Musek maache blouf. An awer: "Mir sinn nach ëmmer hongereg!", seet den David Fluit am Interview. An och de Publikum schéngt nach ëmmer Appetit ze hunn op eng Portioun Rap, made in Minett.

Datt de Läb effektiv Loscht hat op nei Erausfuerderungen, héiert een dann och direkt, wann een op de Play-Knäppchen dréckt. D'Tracks gouf nämlech net méi aus Samples zesummegebaut, mee mat "richtege" Museker am Proufsall ausgeschafft a live opgeholl vum Charel Stoltz. Dofir heescht d'Scheif dann och "Ween Ass Am Haus (Gemaach?!)", well hei näischt méi aus der Béchs kënnt.

Schonn zënter 2018 stinn de Corbi an den David Fluit mat enger Live-Band op der Bühn, mëttlerweil sinn si zu siwen: den DJ-Funkstarr (Live-DJ a Scratches) Georges Sadler (Saxophon), Michel Lopes (Keyboards), René Macri (Bass) an de Benoît Martiny (Batterie). Wou et dorëm gaangen ass, op eemol a ganzer Besetzung ze komponéieren, do hunn sech déi zwee MCs trotzdeem missten e bëssen ëmstellen, wéi den David Fluit am Interview erzielt.

D'Texter schreiwen si net direkt am Proufsall, well dat sech einfach als ze komplizéiert erwisen huet - amplaz dovunner schaffen si éischter mat un de Kompositiounen. Un den Texter gëtt spéider gefeilt, mat Hëllef vun enger Demo, déi wärend der Prouf opgeholl gëtt.

EP just op Streamingdéngschter?

Den David Fluit ass dann am Virfeld vun der Release ganz gespaant, wéi dat neit Konzept ukënnt. Déi éischt Réckmeldunge wiere positiv. Wat sech op alle Fall net geännert huet, dat sinn déi sozial kritesch Texter, an deenen de Läb typesch Lëtzebuerger Mëssstänn uschwätzen - dobäi awer ni vergiessen, sech och selwer mat op d'Schëpp ze huelen.

Wie scho laang op nei Musek vun De Läb gewaart huet, ass ënner Ëmstänn enttäuscht, datt "Ween Ass Am Haus (Gemaach?!)" just eng EP ass, a kee ganzen Album. Eent vun de Lidder ass ausserdeem eng Reprise vum Stéck "De Stolze Bauer", dat schonn an enger e bëssen anerer Versioun um 2013er Album "Sex, Drugs & e Prêt" ze fanne war. Et ass net, datt dem Läb d'Iddie géifen ausgoen, d'Format vun der EP ass éischter eng Reaktioun op d'Manéier an där sech de Museksbusiness an de leschte Jore verännert huet. Fréier war et méiglech, mat dem Verkaf vun engem Album déi nächst CD-Produktioun ze finanzéieren.

Dat ass an Zäiten, wou Musek haaptsächlech digital via Streamingdéngschter konsuméiert gëtt, net méi denkbar. Donieft ass et méi schwéier ginn, d'Opmierksamkeet vun den Nolauschterinnen an Nolauschterer ze halen. Andeems ee reegelméisseg nei Musek verëffentlecht, als EP oder Single, bleift een am Gespréich, wärend eng méi laang Produktioun e puer Mol gelauschtert gëtt, an dann dacks am Plackeregal verstëbst.

Apropos Plackeregal...

"Ween Ass Am Haus (Gemaach?!)" kënnt weeder als CD nach op Vinyl eraus - dat wëll awer net heeschen, datt de Publikum e Freide muss mat eidelen Täschen heem goen.

Eng Kassette kann een sech mathuelen, an da villäicht tatsächlech lauschteren, wann een säin ale Walkman aus den 1980er oder 90er nach net entsuergt huet - oder sech einfach nëmmen e bëssen nostalgesch iwwer en Objet freeën, dee mëttlerweil schonn erëm Kult ass.

Bal esou Kult wéi d'Musekskassett ass och d'Konzept vum Tëleeshopping - an dat hunn d'Läb-Museker Michel Lopes a Benoît Martiny an e puer decaléiert Youtube-Videoen adaptéiert, fir weider Merch ënner d'Leit ze bréngen. Fir all Lidd op der EP wäert et nämlech en eegene Merchandise-Artikel ginn - sou zum Beispill e Schiertech, inspiréiert vum Stéck "Pasta Vun Der Nonna".

E Beweis dofir, datt de Läb mat vill Humor mat deenen Defien ëmginn, déi eng Band haut muss meeschteren - wann een net nëmme Museker an Texter soll sinn, mee och nach Social Media Profi, Schauspiller a Marketing-Spezialist. Alles hausgemaach, versteet sech.