Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hommage un eng grouss Musekerin

Klassik-CD vun der Woch

Hommage un eng grouss Musekerin

Siwe Joer no hirem fréien Doud kommen déi lescht Opname mat der Cellistin Françoise Groben eraus: Eng Intégrale vun de Sträichertrioe vum Johannes Brahms. Et ass e vibranten Hommage un d'Musek an un eng grouss Musekerin.

auto_stories

3 min

Interpretatioun
Klangqualitéit

Interpreten: Graf Mourja (Gei), Françoise Groben (Cello), Peter Laul (Piano)

  • Johannes Brahms: Trio Nr. 3 op.101
  • Johannes Brahms: Trio Nr. 2 op.87
  • Johannes Brahms: Trio Nr. 1 op.8
  • Johannes Brahms: Trio op.40

Continuo Classics CC 777.728.29


Leidenschaft, Gesang, Dramatik, Energie - alles stécht an dëser Opnam mat den Trioe fir Sträicher a Piano vum Johannes Brahms. Mir héieren dräi Museker, déi eng gemeinsam, eng passionéiert Musekssprooch schwätzen: d'Cellistin Françoise Groben, de Geiist Graf Mourja an de Pianist Peter Laul. Den Trio hat sech ugangs vum neie Joerdausend fonnt a forméiert. Den internationale Succès huet net laang op sech waarde gelooss, an et war nëmmen eng Fro vun der Zäit, datt och CD-Produktioune sollte gemaach ginn.

Als Ufank vun der gemeinsamer Diskographie waren dem Johannes Brahms seng Sträichertrioe geplangt. D'Opname goufen nach gemaach, aus der Verëffentlechung ass näischt méi ginn. Den 28. Mee 2011 stierft d'Françoise Groben.

Héich emotional Interpretatiounen

De Label Continuo Classics huet no ganz laangem Iwwerleeën decidéiert, d'Produktioun fäerdeg ze maachen an awer nach erauszebréngen. An dat war eng gutt Decisioun, well et ass wierklech e spannenden duebele CD gi mat Brahms-Interpretatiounen, déi vu Klang, Energie, Leidenschaft a Raffinesse vibréieren. Déi dräi Museker halen net mat hiren Emotiounen hanner dem Bierg, setzen op e sate Klang, dee si ganz differenzéiert nuancéieren.

Doduerch kréien déi lues Sätz e ganz intimen, deels mysteriéise Charakter, iwwerdeems et an deene séieren Ecksätz heiansdo wéi an engem Vulkan no der Eruptioun hiergeet.

Béid Extremer ginn awer ni iwwerdriwwen, ni plakativ an d'Fënster gestallt. All Trio huet seng eege Geschicht, an déi gëtt kohärent, mat vill Engagement a Sensibilitéit verzielt. Doriwwer eraus ass dës Brahms-Intégrale ee besonneschen Hommage un déi grouss Musekerin, déi d'Françoise Groben war.