Iceage sinn eng Punkrockband aus Dänemark, déi virun zéng Joer mat 16 hir Carrière ugefaangen hunn, an zu dem Moment wiere se mat Sécherheet net op dëser Antenn Album vun der Woch ginn.
Ze erkläre firwat ass net esou einfach. Jo, déi Band déi den Iggy Pop virun e puer Joer als "déi eenzeg Band, déi geféierlech klengt", betitelt huet, flirten op hirer neier Plack, déi se no engem Neologismus aus enger Samuel Becket Novelle "Beyondless" genannt hunn, mat der Popmusek an hire méi voluminéise Formen, mat Bléiser, Straicher, Piano, Ouerwuerm-Hooks an dem ganze Programm. Dat ass awer net de Grond, firwat Beyondless een Niveau ze erreeche schléngt, den der Band bis elo onaccessibel bliwwen ass. Well schonns den éischten Track, Hurrah, mécht et kloer, dass dëst en Album fir Gitarverléiftener ass, egal, wat do soss nach zum Zuch kënnt. An och Texter, ganz Fleurs du Mal a voll vun enger schockéierender, well intelligenter Dekadenz, sinn éischter Post-Punk wéi rotzege Politrock, an och wäit vun akzeptabel oder FM-frëndlech.
Mee dem Sänger säin englesch ass elo op der Héicht, een Entwécklungsschrëtt, dee villen europäesche Bands als kleng Achillesseen eng Zäitche Schwieregkeete mécht. Dësen Album spruddelt iwwer vu Rebellioun, vu jonker, däischterer Energie. Trotz senger Mauer vu groussem Klang ass hei alles réi an ouni Kompromëss.