Label: Sony Music
Interpret: Sebastian Bohren
Wierker:
- Partita Nr. 2 BWV 1004
- Sonate Nr. 3 BWV 1005
- Partita Nr. 3 BWV 1006
Interpretatioun: | |
Klang: |
Iwwer 70 Minutte Gei solo proposéiert de Sebastian Bohren op sengem aktuellen Disk. Et gehéiert eng grouss Portioun Mutt dozou, sech mat sengem éischte Bach-CD esou ze exposéieren. Domadder setzt de jonke Schwäizer Geiist en Ausruffzeechen. "Ich hoffe, dass es zu einem von meinen Eckpfeilern wird", seet hien am Abrëll 2018 am 100,7-Interview. De Grondsteen dofir huet de Sebastian Bohren elo mat dësem Disk geluecht.
Perfekt ausbalancéiert Polyphonie
Onofhängeg Melodien, déi interagéieren: Se schwätze mateneen, streiden, stelle Froen an äntweren. Dem Sebastian Bohren geléngt et iwwer den techneschen Aspekt vum polyphone Spill eraus, deene verschiddene Stëmmen e Charakter an eng musikalesch Ausso ze ginn. Mol héiert een eng Stëmm ganz schmuel an zeréckhalend, mol imposéiert sech eng aner mat vill Kierper a Lautstäerkt. Iwwer dës verschidde kleng Tranchen zitt de Sebastian Bohren e Bou, andeems hien déi verschidde Stëmme weider entwéckelt a se an e gréissere Kontext setzt.
De Klang ënnerstëtzt
Dat éischt wat engem opfält, wann een den Disk lauschtert, ass de groussen Hall. Dacks gëtt dësen Effekt genotzt, fir e bëssen ze fuddelen. Bei engem Sänger mat schmueler Stëmm gëtt esou Volume virgetäuscht, bei engem Pianist ginn domadder Ongenauegkeete vertuscht. Beim Sebastian Bohren steet den Hall awer komplett am Déngscht vun der Musek. Hien notzt en, fir déi verschidde Stëmme bis zu hirem nächsten Asaz weider kléngen ze loossen, esou datt de stëmminterne Bou ënnerstëtzt gëtt. Doriwwer eraus gëtt de Raum der Gei esou eng grouss Präsenz, datt ee während deenen 72 Minutten, déi den Disk dauert, keen anert Instrument vermësst.