Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ich mache mittlerweile genauso viel Klassik wie Fernsehen."

Juri Teztlaff

"Ich mache mittlerweile genauso viel Klassik wie Fernsehen."

Als Moderator beim KiKA ass de Juri Tetzlaff Millioune vu Kanner a mëttlerweil Erwuessenen e Begrëff. Wat der vill net wëssen: Nieft senger Aarbecht beim Fernseh, engagéiert hie sech ëmmer méi an der klassescher Musek. De Luc Boentges huet sech mam Juri Tetzlaff getraff, fir méi iwwer d'Roll vun der klassescher Musek a sengem Liewe gewuer ze ginn.

auto_stories

4 min

Juri Tetzlaff, wéi laang spillt déi klassesch Musek well eng Roll an Ärem Liewen?

Eigentlech well vu Gebuert un. Meng Eltere sinn allen zwee klassesch Museker: Mäi Papp ass Cellist a meng Mamm war Sängerin an huet Querflütt gespillt. Ech sinn an engem Elterenhaus opgewuess, wou ëmmer geüübt gouf. Déi klassesch Musek huet also ëmmer eng grouss Roll gespillt. Ech hat se allerdéngs net gär. Klassesch Musek war fir mech ëmmer: Aarbecht, Ustrengung, Schweessen, oder waarde bis meng Elteren hiert Lampenfieber ofgebaut haten. Ech hunn dat duerchaus als ustrengend empfonnt an hat dowéinst vun Ufank u kee gudden Zougang.

Ech hat zum Beispill eng "Peter und der Wolf"-CD. Déi Musek war mir als Kand ze grujeleg. Ech konnt de Péiter an de Wollef net wierklech genéissen, well ech ëmmer e bëssen Angscht hat. Meng Léift fir d'Klassik hunn ech eréischt als jonken Erwuessenen entdeckt. Ech hat beim Fernseh schonn e bësse Carrière gemaach, wéi Kolleege vu mengen Elteren op mech duerkomm sinn. Si hu mech gefrot, ob ech net e "Péiter an de Wollef"-Concert moderéiere wéilt.

Ech hu mech dunn u meng Kandheetserfahrungen am klassesche Concert erënnert, an hu geduecht: "Oh mei ... Ech wëll net, datt d'Kanner sech langweile mussen. Ech wëll et iergendwéi esou maachen, datt et net ze grujeleg, an trotzdeem interessant an ofwiesslungsräich ass. An ech wëll et mat engem eegenen Text maachen." Aus deem Projet ass och eng CD entstanen, an dunn ass dat iergend wéi lassgaangen. Ech hunn ëmmer méi Concerte gemaach, ech hunn ëmmer méi an dës Musek eragelauschtert, an elo sinn ech total Feier a Flam fir d'Klassik.

Am Theater Hagen moderéiert Dir elo schonn an der zweeter Saison d'Familljeconcerten. Wiisst also Är Beschäftegung mat der klassescher Musek?

Op alle Fall. Ech maache mëttlerweil genee esou vill Klassik wéi Fernseh. Et ginn e puer Haiser, déi mech reegelméisseg Buchen. Dorënner den Theater Hagen, deen awer éischter kleng ass, dann den Nationaltheater Mannheim, d'Symphoniker vun Hamburg, d'Bamberger Symphoniker [...]. Et ginn duerchaus eng ganz Partie Orchesteren, mat deenen ech reegelméisseg zesummeschaffen.

Dir hutt virdru gesot, datt Dir e schwéieren Zougang zu der klassescher Musek hat. Elo proposéiert Dir Famillen a Kanner en Zougang. Wat ass fir Iech de "Mehrwert" vun dëser Musek?

Dat ass ëmmer esou eng Diskussioun ... Ass dës Musek elo méi wäert? Ass se méi usprochsvoll? Dat géif ech gäre sträichen, well Musek ass Musek. Et gëtt awer Musek, déi engem gefält, et gëtt Musek, déi engem net gefält, an et gëtt Musek, déi gefält engem, wann ee sech drop aléisst. Bei der Klassik mierken ech, dass ech d'Melodien erkennen, desto méi ech eralauschteren an desto méi ech mech erafillen. Iergendwa bemierken ech dann dësen 'Ohrwurmfaktor', an dann zitt mech d'Musek ganz eran.

Ech mengen déi klassesch Musek ass eng Musek, déi net méi wäertvoll ass. Se ass einfach nëmmen e bësse méi déif. An et brauch een e bësse méi laang fir se ze verstoen a sech drop anzeloossen. Wann een awer eng Kéier agedaucht ass, wëllt een eigentlech an näischt anerem méi schwammen. De Sprong muss een allerdéngs fir d'éischt packen.

Dir lauschtert d'Melodien esou laang, bis se zu Kappplooschtere (Lëtz. fir Ohrwurm) ginn. Ass dat Är Aart a Weis, sech op e Familljeconcert virzebereeden?

Jo, natierlech. Ech probéieren d'Musek jo iergendwéi ze iwwersetzen. Esou wéi zum Beispill an enger Galerie, wann ee sech e Bild ukuckt. Da gëtt et ee Guide, dee seet engem: 'Kuck emol do hinner, do gesäit een, wéi gutt hie mat de Faarwe geschafft huet, an hei hat hien eng ganz witzeg Iddi ...'. Dat probéieren ech um musikaleschen Niveau ze maachen. D. h. ech muss dat musikalescht Bild fir d'éischt emol richteg gesinn a verstanen hunn, éiert ech et vermëttele kann. A jo, dat heescht, ech lauschteren d'Stéck, ech kucken an d'Nouten eran, ech kucken Opnamen a probéieren da fir mech erauszefannen: 'Wat sinn déi spannendst Saachen, déi mech am meeschten interesséieren?'. An déi probéieren ech da méiglechst amusant ze presentéieren.