Radioen

On air

Tockcity  |  Monster Rally - Adventure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ida Sand: "Mir si Kënschtler déi hiren eegene Wee ginn"

Album vun der Woch

Ida Sand: "Mir si Kënschtler déi hiren eegene Wee ginn"

Ida Sand meets Neil Young, sou kéint een eisen Album vun der Woch résuméieren. Dobäi ersetzt e Piano d'Gittar, oder och mol d'Uergel, d’Drums gi mam Biesem gespillt, an de Solo kënnt vum Saxophon. Déi schwedesch Jazz-Sängerin Ida Sand covert sou op eng gelonge Manéier eng Dose Lidder vum Neil Young. Fred Medernach/ ckl

auto_stories

3 min

D'Ida Sand gouf 1977 zu Stockholm gebuer

D’Kombinatioun ass net evident: op där enger Säit hu mir déi kanadesch Rock-Folk-Singer-Songwriter-Legend Neil Young, op där anerer déi schwedesch Jazzsängerin Ida Sand. Déi jonk Musekerin covert op ‘Young At Heart’ zéng Kompositioune vum "good ‘ol Neal" – als Kiischt uewendrop der Joni Mitchell hire ‘Woodstock’, deen de Young, zesumme mat Crosby, Stills a Nash populär gemaach huet. "Mir sinn allebéid keng Prototype vum Genre" seet d’Ida Sand, "mee Kënschtler déi hiren eegene Wee ginn". Et geet also drëm sech net aspären ze loossen an engem Genre, deen de Kënschtler dann op ëmmer an éiweg festhält a keng Fräiheete méi zouléisst.

De Neil Young ass e Storyteller, dee seng Geschichten eng Kéier douce verpaakt, an et da rëm uerdentlech scheppere léisst. D’Ida Sand verschafft dës zwou Facette vum Neil Young ënner anerem mat de scho bal filigrane Stécker wéi ‘Helpless’, ‘Only Love Can Break Our Hearts’, ‘Harvest’ oder ‘Old Men’. Dem Young seng Gittar mécht do Plaatz fir Piano, mol Uergel, d’Drums gi mam Biesem gespillt, e Saxophon ass fir de Solo zoustänneg – d’Ida Sand transportéiert dem Kanadier seng Succèsen an de Beräich Jazz, Songwriting, an deels och fir de Beräich twilight zone. D’Arrangementer sinn dezent gehal, an d’Stëmm derfir huet  d'Schwedin souwisou.

Och Plaz fir de rosenen Neil Young

Mee de Neil Young ass eben net nëmmen de gemittleche Geschichtenerzieler – an dofir ass der Ida Sand hire ‘Young At Heart’ dann och net nëmmen en Unenanerkette vu rouege Songwriterpärelen. Et ass gutt fir den Album, datt och de rosenen, de politeschen Neil Young mat senger Nixon-Uklo ‘Four Dead in Ohio’ vertrueden ass, datt méi rhythmesch Tittele wéi ‘War Of Man’ oder och ‘Sea Of Madness’ derbäi sinn, déi alleguer méi räich un Instrumenter sinn, méi voll am Sound - dat bréngt den Album gutt iwwert d’Ronnen, dräizéng Neil Young-Titele ginn an enge 50 Minutte proposéiert. Och d’Joni Mitchell-Stéck ‘Woodstock’ kënnt kredibel eriwwer, hei rockt den Jazz vun der Schwedin zerguttst!

‘Young At Heart’ vun der Ida Sand als Hommage un d’Songwriterqualitéite vum Neil Young ass eng gelongen Entreprise ginn. Och mat verzerrte Gittaren, Percussiounen an Trombonnen, duerch déi de Massaker un der Kent State University am Ohio vu 1970 och net vergiess gëtt.

Lauschtert de Bäitrag vum Fred Medernach mat Extraiten vum Album: