Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Tiny Ruins - Dogs Dreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iechternacher Festival gëtt méi populär

Klassik an Jazz

Iechternacher Festival gëtt méi populär

D'Musek méi no bei de Public bréngen. Dat ass d'Ambitioun vum Festival zu Iechternach. Dobäi hëllefe soll méi eng populär Programmatioun, aner Opféierungsplazen, an een Cellist vu Weltklassniveau.

Manuel Ribeiro / ys

auto_stories

2 min

Daniel Müller-Schott ©Uwe Aren

Déi 41. Editioun vum Iechternacher Festival dauert vum 19. Mee bis de 15. Juli. D'Experiment, fir d'Concerten am Hierscht z'organiséieren, hat sech 2015 deemno net bewäert.

Klassik an Jazz, no um Public

D’Haaptgenrë bleiwe weider d'Klassik an den Jazz. An der Klassik leien d'Schwéierpunkten op Sträichquartetter, dem bekannte "Lithuanian Chamber Orchester", an Aktivitéite mam renomméierten Cellist Daniel Müller-Schott. Als grousse Symphonieorchester ass den OPL ënnert der Direktioun vum Gustavo Gimeno invitéiert, zesumme mat der Sopranistin Annette Dasch.

Ënnert de 25 Manifestatioune si véier Jazz-Concerten. Highlighte sinn de franséische Batteur Manu Katché an di hollännesch Saxophonistin Candy Dulfer.

Nieft der Klassik an dem Jazz versicht den Iechternacher Festival dem Public all Joers méi no ze kommen. D'Organisateuren hu sech eng Rei populär musikalesch Evenementer ausgeduecht: d’Fête de la Musique, German Brass, King’s Singers, a Kanner- oder Familjeconcerten, wéi eng Opféierung vu "Bremer Stadtmusikanten".

Och d'Opféierungsplaze gi méi diversifizéiert. Niewent dem Trifolion an der Basilika, ginn d’Concerten och an der Saint Pierre et Paul Kierch organiséiert. Och d’Orangerie, den Abteigaart an Open Air-Bühne ginn abezunn.

Daniel Müller-Schott als Artist in Residence

Et ass net di éischter Kéier dat den international unerkannten Cellist Daniel Müller-Schott zu Lëtzebuerg optrëtt. Ënner anerem war hie mat de Solistes Européens oder als Kammermuseker an der Philharmonie. Allerdéngs ass et fir d’éischt, datt hie fir eng Residence invitéiert gëtt.

Den 19. Mee mécht den Cellist d’Ouverture vum Iechternacher Festival, zesumme mat de faméise Schwëstere Baiba a Lauma Skride (Gei a Piano). Um Programm sti bekannten Trioen aus dem Repertoire. Deen Dag drop proposéiert den Daniel Müller-Schott Masterclassen.

Den 21. Mee, ass de Museker an der initmistescher Atmosphär vun der Kierch Saint Paul et Pierre als Solo-Cello ze héieren, mat engem Bach a Britten Programm.


Audio: De Manuel Ribeiro am Gespréich mam Klassik-Programmateur Benedikt Fohr a mam Cellist Daniel Müller-Schott.

De Site vum Iechternacher Festival: http://www.echternachfestival.lu/