Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Imperfektioun, Akzeptanz an Zäit

Sandro Perri - Soft Landing

Imperfektioun, Akzeptanz an Zäit

Dem Sandro Perri säin neien Album "Soft Landing" stécht voller delikaten Detailer a filigrane Momenter. De kanadesche Museker schaaft op dësem alt nees eng besonnesch ënnerdriwwen Atmosphär, an d'Melodien entfale sech ganz organesch an hirem eegenen Tempo. Den Jamie Reinert huet sech mam Sandro Perri ënnerhalen.

auto_stories

4 min

Zwee Solo-Alben an zwee Joer - esou produktiv war de Sandro Perri scho laang net méi. A leschter Zäit war e méi am Déngscht vun Aneren am Asaz. Als Produzent fir Acts wéi Bernice, Devon Sproule oder och André Ethier. Déi rezent Solo-Produktivitéit wier op eng Mëtt-Carrière Kreativitéit's Explosioun zeréckzeféieren.

"An ech schaffen e bësse méi séier dëser Deeg. Ech hu mir soss vill méi Zäit geholl. Mëttlerweil fält et mir méi einfach z'acceptéieren, wéi d'Musek sech ergëtt, an dat féiert dozou, datt d'Lidder méi séier fäerdeg ginn."

E berouegend Gefill

Acceptanz ass d'Stéchwuert fir dem Sandro Perri säin aktuellen Aarbechtsprozess. Hien ass elo an de Mëtt Véierzeger ukomm a seng jorelaang Musekserfarung dréit hir Friichten. D'Lidder op "Soft Landing" sinn all an der Vakanz entstanen. De Moment, wou d'Gehir e Gang zeréck schalt. Wou e besonnescht berouegend Gefill entsteet, wat een an der Musek och eraushéiert.

Déi Kéier ass d'Gittar erëm am Virdergrond. Seng Bezéiung zu dësem sechs-säitegem Instrument ass allerdéngs komplizéiert:

"Ech hu vill geüübt, wou ech en Teenager war. Ech hu wierklech versicht zu engem sougenannte "gudde Gittarspiller" ze ginn. Mee ech hat ëmmer d'Gefill, datt ech ni richteg viru koum. Ech kämpfen hautdesdaags nach ëmmer mam Instrument. D'Gittar ass dës Zort Béischt, mat deem ech mech all Kéiers versöhne muss virum spillen."

Spéider huet hie sech dunn op elektroneschen Instrumenter a Sampling konzentréiert. Mee d'Gittar wier ëmmer am Eck gewiescht. Lackeleg am Gaang hien ze beobachten.

"Mam Alter - wéi gesot, Deel vum Prozess vun Acceptanz - hunn ech méi Spaass um Gittarspille fonnt. Wéi deemools, wou ech jonk war. Ouni dem Drock mussen d'Instrument ze meeschteren. Aus deem Ganzen huet sech eng erneiert Appreciatioun a Relatioun zu der Gittar erginn. D'Schreiwe fält mir méi einfach, an ech genéissen d'Faart, soulaang se dauert."

"Mir hu keng Kontroll iwwer d'Zäit"

Nieft e puer delikate Pop Lidder an instrumentale Stécker huet de Sandro Perri och erëm ee vu senge sougenannten "onendleche Lidder" an de Mix geheit. Seng Manéier d'Konzept vun Dauer an engem Pop-Song Format z'exploréieren. D'Bezéiung zu Zäit méi intim ze gestalten:

"Wou méi Austausch gebuede gëtt am Verglach mat der Realitéit vun eiser Relatioun zu Zäit, déi u sech total Ënneruerdnung ass. Mir hunn absolut keng Kontroll iwwer d'Zäit. Mat dëse verlängerten instrumentalen Deeler wollt ech mat eiser Perceptioun vun Zäit spillen. Et hänkt da vu jiddwerengem selwer of wéi en d'Resultat erlieft. D'Lidd kann ze kuerz schéngen. Oder och vill ze laang. Dorëms geet et. Musek z'exploréieren déi mat eiser Perceptioun vun Zäit spillt."

Nieft Dauer ameséiert sech de Sandro Perri och vill mat Imperfektiounen. De Rhythmus ass net ëmmer ganz genau. Déi eng oder aner Nout schwieft e bëssen iwwert de Progressiounen. Dës Ongenauegkeete maachen d'Musek vill méi lieweg.

An dat an enger Zäit, wou d'Museksindustrie op Perfektioun fokusséiert ass. Feeler si mëttlerweil méi einfach unhand vun e puer Tasten ze korrigéieren. Fir de Sandro Perri verléiert sech awer eppes an dëser Eliminatioun vun Imperfektioun. A senger Musek gëtt hien dëser méi Plaz, baut esouguer Iddien ronderëm Imperfektioune, fir hinnen eng méi aktiv Roll ze ginn.

"Imperfektiounen ze éieren. Se an de Virdergrond setzen fir sech kënnen z'entfalen. Ech fannen dat wichteg. Imperfektioune schaafen och en internen Dialog am Nolauschterer. Se falen op an droen dozou bäi sech Froen iwwert d'Musek ze stellen. Nei Denkustéiss ze kreéieren. Ech fannen dat gesond a gutt."