Radioen

On air

De Moien  |  Fantastic Negrito - The Duffler

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inspiratioun vun der Bomi

When 'Airy Met Fairy

Inspiratioun vun der Bomi

"Glow" ass den Debut-LP vu When 'Airy Met Fairy. D'Thorunn Egilsdottir dréint dem Mainstream de Réck a weist hir fragil Säit. Island spillt eng Roll an der Musek vum Trio. Awer och Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

"Orchestral Chamber Pop" wier déi Beschreiwung, déi hir Musek bis elo am Beschten ëmrass hätt, seet de Bassist Mike Koster. "Ech war zwar am Ufank bësse schockéiert", seet d'Thorunn Egilsdottir. "Mee et ass jo net un eis fir ze jugéieren. Et geet drëm, wat déi aner héieren."

D'Musek vu When 'Airy Met Fairy huet net méi vill mat deem ze doen, wat d'Sängerin am Ufank vun hirer Carrière gemaach huet. Si huet dem Mainstream de Réck gedréint, an hir Stëmm gouf méi fragil a subtil. "Meng gréissten Inspiratioun war meng Bom. Si huet ëmmer Piano gespillt a gesongen. Eng richteg Musekerin. Si hat ëmmer déi eeler stëmm, déi bal schif war, an awer net. Dat ass ëmmer sou an d'Schanke gaangen."

Authentesch Simplizitéit

Dem Thorunn Egilsdottir seng islännesch Wuerzele géifen eng wichteg Roll spillen, fannen d'Museker. "Et gëtt dacks gesot, datt mir eng islännesch Band sinn. Dat kënnt net vun néierens. Et kléngt wahrscheinlech sou", seet de Mike Koster. "Wat si mir iwwerhaapt fir eng Band? Mir hunn ee franséische Batteur an ech si sou een zesummegewierfelte Lëtzebuerger." D'Erwaardungshaltung vum Publikum wier eng aner, wann d'Band eng aner Nationalitéit hätt, seet d'Thorunn Egilsdottir.

Fir si wier et wichteg, kënne Messagen ze vermëttelen, ouni alles ze soen. Firlefanz a Genuddels wieren an der Musek iwwerflësseg. "Ech hunn net gär wann d'Leit probéieren engem z'imponéieren. Dat impressionnéiert mech iwwerhaapt net. Ech fannen an der Simplizitéit ass et méi authentesch. Et probéiert ee manner eppes ze verstoppen." Ee Song misst einfach geschéien, seet d'Sängerin. Dat kéint een net forcéieren.

Der Sängerin hir Schwëster, d'Runa Egilsdottir wier eng Zort Art Director fir de Projet. Souwuel visuell, wéi och wat den Toun ugeet. "Wa mir de Mix maachen ass hatt ëmmer de Barometer. Dofir ass et nach een Touch méi minimalistesch ginn, wéi mir et geplangt hunn", seet d'Thorunn Egilsdottir. D'Runa wier d'Salz an der Zopp. "Et ass ëmmer gutt d'Ouere vun engem Net-Museker ze hunn. Déi héieren aner Saache wéi mir", seet de Mike Koster.