Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ International Music - Die besten Jahre

Album vun der Woch

International Music - Die besten Jahre

Eng Band International Music ze nennen heescht gläichzäiteg alles a guer näischt. Mee déi dräi jonk Hären aus Essen hu mat hirem Debutalbum en Highlight vum däitschsproochege Pop/Rock vum Joer ofgeliwwert.

auto_stories

4 min

Foto: Alfred Jansen

An eppes méi wéi sechs Méint - am Dezember 2018 - gëtt zu Bottrop déi lescht Zeche zougemaach. D'Kapitel Steekuelbiergbau am däitsche Ruhrpott kënnt domadder op en Enn. Wat vun ekonomescher Säit soll amplaz kommen, ass nach e bëssi diffus. A vläicht iwwerhaapt net esou wichteg. Soss, jo Futtball kloer. Kulturell gesinn gëtt et vill Theater.

Mee wat fält engem zur Musek aus dem Ruhrgebitt an? Den Helge Schneider Jazz vu Mühlheim an de Starlight Express zu Bochum. E Gléck, datt elo dräi bäigezunne jonk Hären aus Essen mat hirem Debutalbum en Highlight vum däitschsproochege Pop/Rock vum Joer ofgeliwwert hunn. Den Disk: "Die Besten Jahre". D'Band: International Music.

Eng onscheinbar Band?

Am Pressedossier an an all Bespriechung vun dëser Band an hirer Musek gëtt ëmmer nees ervirgestrach, wéi ongoogelbar de Bandnumm ass. Selwer probéiert stellt sech eraus, datt wann een International Music googelt, da fënnt een alles, wat dës Grupp mécht. E Kompositiounsstudent, e bildende Konschtstudent an och Batteur, dee bis dato nach ni Batterie gespillt huet, kënnen awer net esou onscheinbar sinn, wéi si sech - och grad mat deem Bandnumm - wëllen inzenéieren. "Die besten Jahre deines Lebens" heescht e Song vum Freddy Quinn, "The Best Years of Our Lives" e Filmklassiker vum William Wyler, mee bei International Music heescht et just "Die besten Jahre".

Wat fir eng dat sinn, mee virun allem wiem seng dat sinn, ass net vu gréisster Wichtegkeet. Wichteg ass enger Textzeil no, datt eben déi Joren eriwwer sinn, wann d'Knéie futti sinn an d'Frisur Scheisse ass. Mee fänke mir vir un. 17 Songs staark, bal 80 Minutte laang ass dësen éischten Disk um Label Staatsakt. Dat ass natierlech vill ze vill, vill ze laang an vill ze demesuréiert, mee dat ass der Band egal. Well d'Demesure ass vu gréisster Wichtegkeet, grad well sech d'Musek esou no näischt wëllt ginn. Den Uschäin ass nämlech dee vun enger immens gelangweilter, lethargesch wéineg talentéierter Pub Rock Band. "Dieser Ort ist eine Kneipe", sou heescht den zweestëmmege Verdikt um Song Kneipe. Mee esou konkret a kloer benennbar bleift soss net vill.

Mol e bëssen chillen

"Komm her du allerfeinster Unterschied und mach es dir bequem" heescht et iergendwou um Album. De Bourdieu léisst aus sengem Graf um Père Lachaise gréissen. Den Distinktiounsbegrëff an den Term vum Kulturkapital, déi hien a senger 1979 publizéierter Aarbecht "La Distinction. Critique sociale du Jugement", zu Däitsch "Die feinen Unterschiede" benennt, sollen International Music no e bëssi chillen. Respektiv d'Musekssnoben, déi 1.000 Saachen eraushéieren an op d'mannst esou vill Stempele wëllen ofginn. Velvet Underground, Phil Spector, Spacemen 3, Gary Numan, Rumpelstilzchen, d'Magnetic Fields, d'Beta Band a méi oder manner obskur Acts aus der däitscher NDW. All déi an nach vill méi sinn op d'mannst iwwer dräi Ecken ënner deene Layers vu melancholeschem Nihilismus erauszehéieren.

Ob eng Ofrechnung mat der Schoulzäit, dem Liewen am Hamsterrad, der Léift, der inherenter petite-bourgeoisie vun der Generatioun Y oder dem System tout court, soulaang ee sech net ze seriö hëlt dobäi, fënnt ee bei den Häre vun International Music en oppent Ouer. Well si versichen sech op alle Fall net ze seriö ze huelen. Textlech geet et dobäi esou diffus dada kënschtleresch viru sech, datt ee kéint mengen, si hätten ze vill Zäit mam Beuys verbruecht. Mee mat Sich no der Musikalitéit, der Verspilltheet am geschwatene, mee och gesongene Wuert, kritt dësen Debut e politesche Volet, dee sech als eng Zort Géigemëttel géint Echo, Giesinger, Schweighöfer a Co. verstoe léisst. Mee hey, elo ass vu menger Säit schonn ze vill Kapp mat am Spill. "Cool bleiben", géifen International Music soen. Dat mat den Besten Jahren ass dann zwar nach ëmmer net gekläert, mee op d'mannst steet d'Joer 2018 mam Album "Die besten Jahre" vun dëser Essener Band scho mol ganz gutt do. Mol kucken, wat International Music dann dat Joer drop bréngen.