Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Isley Brothers - Between The Sheets

SAMPLE VUN DER WOCH

Isley Brothers - Between The Sheets

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Haut schwätze mir iwwer den Track "Between The Sheets" vun den Isley Brothers. En ass 1983 erauskomm, produzéiert vum Ernie a Marvin Isley, a gesonge vum Ronald Isley.

Den Track gouf e bëssen als Äntwert op dem Marvin Gaye sain Hit "Sexual Healing" geschriwwen. D'Isley Brothers waren ursprénglech en Gospel Quartett, déi zanter 1950 zu Ohio aktiv waren. Ëm d'70er hu si mat Rock, Pop an Funk Mëschungen experimentéiert, 1965 war de Jimmy Hendrix souguer hiren attitréierte Gitarrist.

D'Kompositioun vun der Grupp huet sech ënner de Bridder oft verännert, mee de Ronald Isley ass ëmmer un de Vocals bliwwen. Si hun souguer fir eng kuerz Zäit op Motown ënnerschriwwen. Wann een all hir aktiv Joren zesummerechent, haten si eng Karriär vu méi wei 50 Joer.

Den bekanntsten Sample gouf hei natierlech vum Notorious B.I.G geholl, um Lidd "Big Poppa".

Et war déi zweet Maxi vu sengem éischten Album "Ready To Die", deen 1994 erauskomm ass. D'Produktioun ass vum Puff Daddy a koum op deem sengem Label Bad Boy Entertainment eraus. Déi dote Maxi hat souguer nach méi Succès wéi déi eischt Single "Juicy". Dat Lidd ass déi absolut Lover-Hymn vum Album an stécht positiv nieft esou Lidder wéi "Machine Gun Funk" oder "Gimme The Loot" eraus.

Eng aner Utilisatioun vum Sample wier hei vun der Sängerin Aaliyah mat sengem Lidd "Old School".

Dat kënnt vu sengem éischten Album "Age Ain't Nothing But A Number" deen 1994 erauskomm ass. D'Aaliyah war just 14 Joer al, wou hat dat heiten opgeholl huet. De ganzen Album ass ënner der Opsicht, produzéiert an geschriwwe gi vum R.Kelly. Dat heite war dat éischt Lidd wat si zesummen opgeholl hunn, si hunn anscheinend zwee Deeg dofir gebraucht.

En anere Produzent, deen de Sample benotzt huet heescht Eric Sermon.

Hien huet dem Rapper Keith Murray säin Lidd "The Most Beautifullest Thing In This World" domat gemaach. Dat ass 1994 um selwechte Label wei Def Squad erauskomm, an zwar Jive. Dat war dem Keith Murray sain éischten a gréissten Hit.

Elo si mer ukomm bei den Underground Kings aka UGK. Si sinn eng Rap Grupp aus Texas an hunn de Country Rap-Style erfonnt. Si hunn de Sample vun den Isley Brothers fir hiert Lidd "Cramping My Style" benotzt.

Dat war ze fannen op hirem éischten Album "Too Hard To Swallow" vun 1992, produzéiert vum Bun B an featuring Infinity.

Et sinn nach etlech aner Produktioune mat deem Sample erauskomm, mee ech stellen iech lo nach eng eenzeg vir, an zwar e bësse Ghetto-House Musek mam Steven B.C.

"Between The Sheets" heescht säi Lidd, erauskomm um House Crime Label.