Radioen

On air

Tockcity  |  Draag - Orb Weaver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ James Blake - The Colour in Anything

Album vun der Woch

James Blake - The Colour in Anything

Den James Blake ass de Pop-Museker vun der Stonn. Hie kollaboréiert mat deene ganz Groussen, mam Beyoncé, Frank Ocean an Drake. An obwuel de Star-Produzent Rick Rubin um neien Album geschrauft huet, ass den Artist sech op "The Colour in Anything" trei bliwwen.

auto_stories

4 min

The Colour in Anything (© UMG)

Et war eng Iwwerraschung: Nëmme puer Stonnen ier deen neien James Blake-Album erauskoum, gouf en annoncéiert. Mee dat schéngt een 2016 sou ze maachen. Ass jo och am Prinzip Niewesaach. Elo ass en do, a wéi all Album vum britesche Sänger ass e genial.

Evolutioun zanter 2011

Den James Blake ass sech trei bliwwen. Melancholie, Balladen, Piano, Elektronik, Gospel- an R&B-Aflëss. Awer genee wéi deen zweeten Album "Overgrown" 2013 ganz anescht war, wéi den Debut vun 2011, gëtt et och op "The Colour in Anything" eng enorm Evolutioun.

Den James Blake huet sech dës Kéier opgemaach. Hien ass aus sengem klenge Studio ausgebrach, huet mat aneren Artisten zesummegeschafft a virun allem de Rick Rubin als Produzent mat an d'Boot geholl. An engem Interview mam Rolling Stone schwätzt de Museker vun enger Kris, vum Prisong vun der Einsamkeet, a wéi eng nei Léift him gewisen huet, datt hien aner Mënsche brauch.

Grouss Pop-Gesten

Léift, zerbrache Relatiounen an d'Onméiglechkeet ze kommunizéieren zéie sech wéi e roude Fuedem duerch "The Colour in Anything". Den James Blake leit, hie kämpft an ergëtt sech. Sou, wéi een hie kennt. Trotz de gewinnte Samples, Effekter a Repetitiounen hu seng Lidder hunn um neien Album awer zum Deel méi Song-Strukturen. Et komme méi akustesch Pianoen zum Asaz, och där, déi net digital no-preparéiert goufen.

Virun allem traut de Blake sech, mat senger Stëmm fir ganz grouss Pop-Gesten auszehuelen. Dat wonnert net, nodeems hien um neien Album vum Beyoncé e Lidd co-produzéiert huet, op deem hien och séngt, an nodeems hie mam Frank Ocean un deem sengem zweeten Album geschafft huet. An den USA, wou de Brit mëttlerweil lieft, ass hien de Museker vum Moment.

Dem James Blake seng Collaboratioun mat bekannten, afro-amerikanesche Pop-Stare suergen dofir, datt den Artist seng R&B a Gospel-Influenzen nach méi assuméiert an auslieft. An dat ass et och, wat seng Musek sou speziell mécht. Aus dem groussen, bleeche Beat-Maker, deen experimentell Post-Dubstep Tracks bastelt an och ka sangen, gëtt ee groussen, bleeche R&B-Sänger, dee gläichzäiteg en excellente Produzent ass, a seng experimentell Dubstep Wuerzelen net kann an net wëll verneinen.

"The Colour in Anything" ass en Disk voller Emotiounen, voller Geschichten a voller Iwwerraschungen. Et ass en Album, dee gutt bei Wolléken a Reen funktionéiert, deen een awer och bei Sonn an op der Plage ka lauschteren. Et ass en Album, deen Iech ëmmer nees wäert den Otem unhalen doen, fir genee ze lauschteren, an Iech mussen anzegestoen, wéi wonner-, wonner-schéin en ass.