Den David Laborier huet Jazz-Gittar studéiert. Dëst am "Royal Conservatory" zu den Haag, um "Berklee College of Music" an am Stater Conservatoire. Do bréngt hien den Ament och als Proff jonk Talenter d’Begeeschterung fir säin Instrument méi no.
Als Museker ass den David Laborier esouwuel solo wéi och mat aneren – notamment Largo – zesummen ënnerwee. Hie schafft reegelméisseg als Komponist an als Arrangeur, zum Beispill fir den "Orchestre National de Jazz". Den Jazzmuseker huet um Label "Waltzing-Parke Records" dräi Albumen erausbruecht.
Dacks war den David Laborier och an der Philharmonie als Gaascht bei bekannte Gréissten am Asaz: Esou zum Beispill bei groussen Nimm ewéi Didier Lockwood, George Duke, Paquito d’Riviera, Patty Austin, Manu Katché, Randy Brecker, Richard Bona ...
Den Jazzuseker schafft vill mam Gast Waltzing zesummen."Et gi Leit mat deene versteet ee sech, mat aneren net ... mir schaffe gär zesummen a ginn och gär zesummen eraus." Esou war den David Laborier och un den Arrangementer vum Grammy-Album vun der Angélique Kidjo bedeelegt.
Wéi e Bild
Als Museker komponéiert den Jazzmuseker gär doheem a Rou, all Dag e bëssen. Hie setzt dobäi och de Computer an. Eng Laborier-Kompositioun entsteet ewéi ee Bild, esou de Komponist. Et bräicht een seng Zäit. "Ech probéieren ausbalancéiert Iddien zu Pabeier ze bréngen – dat rëselt een net aus dem Aarm."
"Et muss een op sinn", dat ass e Motto vum David Laborier. Fréier huet hien an enger Schülerband Rock gespillt. Dozou seet den Jazzmuseker, "ech wéisst net op ech dat haut nach kéint". Haut sicht hien no Ouverturen – och a Genren, déi net onbedéngt an der Theorie zesumme passen. Ee Beispill ass d’Zesummenaarbecht tëscht Largo a Sun Glitters, wou Jazz op Electronic getraff ass. Dat hätt erstaunlech gutt beienee gepasst, erënnert sech de Komponist.
Musek muss beréieren
Seng Definitioun vu Musek? Eng ganz schwéier Fro, mengt den David Laborier. An éischter Linn wier Musek eppes, wat Gefiller kéint ausdrécken. Hie fënnt, Musek déi engem gefält – ob een eppes dervu géif kennen oder net – soll ee beréiere kënnen.
Beim jonke Familljepapp spillt awer net nëmmen d’Musek déi éischt Gei."Wann de Nowuess do ass muss een improviséieren an investéieren, seng Zäit aanescht andeelen. Et kritt een awer och immens vill zréck", esou den David Laborier.
Dem David Laborier seng Playlëscht:
My Funny Valentine - Bill Evans & Jim Hall
Carlos - John Scofield
Billie's Bounce - George Benson
Violina Sonata no1 MWV 1001, 2. Saz Fuga - Arthur Grumiaux
Opening - Pat Metheny Group
Remember - Snarky Puppy BWV 1001