Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Falling Apart Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Rythmus mécht d'Musek

Musikalesch Visttekaart

De Rythmus mécht d'Musek

Drummer? Och! Jazzdrummer? Och! Einfach Museker, seet de Jeff Herr, deen d'musikalesch Playlëscht fir eng Stonn op d'Bee gesat huet.

auto_stories

2 min

Mat senger aktueller Formatioun "Jeff Herr Corporation" ass de 36 Joer ale Museker éischter am Jazzberäich ënnerwee. Wat awer net heescht, datt hien nëmmen op dëse Genre steet. Schonns mam éischten Titel weist hien op den Afloss hinn, deen d’Beatles op seng spéider Carrière hunn. D’Fab Four sinn doheem vill gelaf, fir hien (Joergang 1980) war dat "aktuell Musek".

Fir de Jeff Herr huet besonnesch Radiohead d’Roll vun de Beatles iwwerholl andeems si net bannent de gängege Popgrenze bliwwe sinn. De Brel? Deen ass eréischt e puer Joer méi spéit bei him opgedaucht, zielt awer haut zu senge Favoritten. Den Jazzafloss kënnt speziell beim Donny McCaslin an Tom Sawyer zum Droen, de Funk – an domadder och de Rhythmus – beim Klassiker ‘Hard To Handle’.

A well de Jeff Herr och regelméisseg mat Rockkollegen optrëtt, op live oder am Studio, ass säi Choix fir QOSA eng logesch Saach.

Hei d'Lidder déi hien selektionnéiert huet a senger Fonktioun als Musekredakter als Invité beim Fred Medernach:
1. I Am The Walrus - The Beatles
2. Hard To Handle - Otis Redding
3. Go With The Flow - The Queens Of Stone Age
4. Pyramid Song - Radiohead
5. Chansons Sans Paroles - Jacques Brel
6. Fast Future - Donny McCaslin
7. Come Rain Come Shine - Chet Baker
8. Tom Sawyer - The Bad Plus
9. Love Me Or Leave Me - Billie Holiday