Radioen

On air

De Weekend  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jungstötter - Love Is

Album vun der Woch

Jungstötter - Love Is

Den Album vun der Woch kënnt dës Kéier aus Däitschland vun engem jonken Här, dee sech mat engem neie Soloprojet nei erfënnt. Jungstötter heescht de Projet, "Love Is" den éischten Disk.

auto_stories

3 min

De Fabian Altstötter ass Lëtzebuerg net onbekannt. 2013 am d:qliq, 2015 am Atelier - seng Band Sizarr huet sech iwwer d'Joren an der Indiezeen en Numm gemaach. Sizarr gëtt et elo awer net méi, an aus dem Fabian Altstötter gëtt Jungstötter.

Witzeg. Och wa Jonk am Numm steet, also am Kënschtlernumm - den Altstötter ass selwer 28 Joer jonk oder al, jee nodeem - sou huet de Projet Jungstötter d'Jugendlechkeet a Form vum Elektropop vu Sizarr hanner sech gelooss. Amplaz kommen Erwuessen undeitend Barock Pop Kläng. A virun allem eppes: Déi Stëmm.

De Fabian Altstötter fiert op "Love Is" eng Stëmm op, leet se wonnerschéin erof an erënnert natierlech un eng Abberzuel vun Acteure vun der populäre Musek vun de leschte Joerzéngten. Scott Walker, Mark Hollis vun Talk Talk, d'Anohni oder de Konstantin Gropper vu Get Well Soon. Nieft der Opzielung ass de Punkt, deen ech op dëser Plaz maache wëll deen, datt grouss, breet Stëmmen zäitlos sinn a sech aller Tendenz an der Musek entzéien an dat bleiwen, wat se sinn: grouss, breet a virun allem wonnerwonnerschéin!

Dat opfällegst op "Love Is" ass awer, wéi den Altstötter mam Produzent Max Rieger vun Die Nerven mat der Stëmm schafft. Wäit ewech vum Orchestersound, deen esou eng Stëmm einfacherhalber kéint begleeden, ass de Sound, d'Instrumentéierung vun den zéng Songs eng sober, subtil Affär, déi ganz op d'Stëmm schafft an där all Plaz vun der Welt léisst. Dacks begleet den Altstötter sech selwer um Piano, eppes wat duerchaus géif duergoen, mee de Band-Dispositif war him manifestement méi wichteg. Piano, Drums, Gittar an heiansdo mol e Sträichinstrument oder e ganz phänomenale Synthesizer-Asaz.

D'Stëmm, net just nëmmen dat wichtegst Instrument an der Musek vum Jungstötter, bréngt ee Pathos, eng Melancholie mat sech, déi net just am Sënn vu Stëmmung schafft, mee déi textlech gesinn och Spueren hannerléisst. De Fabian Altstötter beschreift seng Texter och mat de Wierder "Erhéijung vum Alldag". Net just kitscheg Häerzpéng-Geschichten, mee mondän Geschichten, déi am Kontext vun der Musek en aneren, tatsächlech erhéichten Zoustand an eng romantesch Universalitéit kréien.

Mat "Love Is", dem Debutalbum vu Jungstötter, léisst et sech wonnerbar - a fir an einfache Wierderanalogien ze bleiwen, déi ëmmer nees an der Musekbeschreiwung erëmzefanne sinn - den immens kalen, wann och schéine Februar starten. E bëssi Wäermt deet jiddwerengem elo gutt!