Radioen

On air

Notturno  |  Triana Y Luca - Malinche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eleganz, e gewëssen Exotismus an eng onbeschreiflech Stëmm

Kadhja Bonet - Childqueen

Eleganz, e gewëssen Exotismus an eng onbeschreiflech Stëmm

Et si schonn zwee Joer hier, datt d'Kadhja Bonet eis mat hirem Debut "The Visitor" begléckt huet. En Album, op deem Elementer aus der psychedelescher Musek, Soul, Folk a Funk an eppes ganz Eegenes verschafft goufen. An dat féiert déi mysteriéis Musekerin op hirer neier Plack virun. "Childqueen" vun der Kadhja Bonet ass den Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

"Every morning brings a chance to renew" - esou heescht et am éischten Titel vum neie Kadhja Bonet Album "Childqueen". Himmlesch Stëmme widderhuelen dës Platitude, iwwerdeems d'Batterie am Marsch no vir dreift an de Bass vun Nout op Nout holpert. D'Musekerin vun L.A. ass determinéiert, d'Ouverture ass ageleet an d'Stëmmung fir de Rescht vum Album festgesat.

"Childqueen" ass eng kosmesch Affär, an där d'Kadhja Bonet hire verdreemten a verdréinten Univers opdeckt.

Et kritt een um neie Kadhja Bonet Album quasi eng One-woman Show ugebueden. D'Musekerin huet nämlech all Element um Album selwer geschriwwen, arrangéiert an opgeholl. Ausser dem Bass, dee gouf vun engem Kolleeg agespillt. D'Multi-Instrumentalistin assuréiert op alle Fronten. D'Stécker op "Childqueen" si minutiéis arrangéiert a verschafft.

"Eleganz, e gewëssen Exotismus an eng onbeschreiflech Stëmm"

Et ass eng immens Dramatik an hire Kompositiounen. Déi säfteg Bass-Batterie Kombo ameséiert sech, mat wéinegen Elementer e séisse Groove opzebauen. An dëst minimalistescht Gerüst gëtt vum Kadhja Bonet mat diversen Elementer opgespeckt. Eng Jazz-Flütt gouf ausgepaakt, déi fir lëfteg Momenter suergt. Blubbereg Synthien an dréche Gittare liwweren zockerséiss vintage Kläng. Mee wat der Kadhja Bonet hire Sound wierklech ausmécht sinn d'Sträicher, déi de Lidder eng immens Eleganz an e gewëssenen Exotismus verleeën. An d'Kiischt um Kuck: eng onbeschreiflech Stëmm.

Der Kadhja Bonet hir iranesch Wuerzelen héiert een an de cinematographeschen Arrangementer. D'Sträicher hiewen dee scho liichte Mix nach méi an d'Luucht. A mat der Musekerin hirer besonnescher Stëmm gëtt een iwwer d'Wolleken ewech bis an de Weltall transportéiert. Se kléngt immens duuss awer och iergendwéi detachéiert. Etheresch kann ee roueg soen. Op Stécker wéi "Delphine" oder "Wings" baut d'Musekerin eng Intimitéit an Intensitéit op, déi engem den Otem hëlt.

Dem ënnerleche Kand eng Plaz halen

Den Album heescht "Childqueen". An dat ënnerlecht Kand, déi ënnerlech Kand-Kinnigin fléisst thematesch duerch d'Lidder. D'Kadhja Bonet beschäftegt sech mam Verloscht vun der Onschold, wann een als Erwuessene bis déi haart Realitéit kenneléiert. Et soll een der Musekerin no dogéint ukämpfen an net vergiessen, datt dat ënnerlecht Kand eng Plaz och am Alter huet.

Der Kadhja Bonet hiren neien Album "Childqueen" ass deementspriechend verspillt a straalt eng immens Freed a Kreativitéit aus. Déi psychedelesch Soul, Folk a Funk Tonalitéiten erënneren u Formatioune wéi The Rotary Connection. Eng Kult-Band aus de 60er, déi och séissleche Soul mat progressiven Orchestréierunge vermëscht huet.

Mee d'Kadhja Bonet huet sech net mat dësem formelle Wierk hiren Influenzen ënnerluecht. Déi determinéiert Eenzelgängerin huet sech vum Buedem lassgeléist a schwieft fräi duerch den Universum.