Nei Emissioun Trendscheif Kee musikalesche Brach

"Trendscheif" ass eng nei Musek-Emissioun um radio 100,7. Den Jamie Reinert an den Yves Stephany diskutéieren all Woch iwwer nei Verëffentlechungen. Dobäi kënnen och mol d'Fonke fléien.

Trendscheif
Jamie Reinert an Yves Stephany

Bei Trendscheif setzt Dir Iech kritesch mat neie Verëffentlechungen ausenaner. Wat ass genee d'Zil vun Ärer neier Emissioun?

J.R. an Y.S.: Mir fannen, datt vill interessant nei Musek op de Marché kënnt, hunn allerdéngs festgestallt, datt relativ wéineg doriwwer dis- kutéiert gëtt. Eiser Meenung no ass et wichteg, e kriteschen Discours iwwer Musek ze féieren, fir Relevantes vu Belanglosem z'ënnerscheeden. Fir en nahrhaften Debat kënnen ze féieren, an och iwwer eisen eegenen Horizont eraus- zekucken, wäerte mir reegelméisseg Invitéen an der Sendung hunn. Zum Beispill Museks- journaliste vun anere Medien oder Kënschtler.

Wéi eng Musek kann ee sech stilistesch bei Trendscheif erwaarden?

J.R. an Y.S.: Mir wäerten eis mat Pop-Musek am wäitste Sënn beschäftegen. Mir wëllen de Spek- trum bewosst ganz breet halen. Et wäerte souwuel nei Hip Hop an R&B Albume beschwat ginn, wéi och Rock, elektronesch Musek oder Singer-Songwriter. Et geet drëm iwwer Musek ze schwätzen, déi eppes iwwer déi Zäit ausseet, an där mir liewen. An eng vun den Eegeschafte datt Stiler ëmmer méi verschwannen, respektiv matenee vermëscht ginn.

Mir hunn och allebéid verschidde perséinlech musikalesch Virléiften an Affinitéiten. Deemno si mir Allenzwee gespaant op dat, wat deen aneren all Woch wäert mat an d'Emissioun bréngen.

Et ass och net relevant, ob et sech ëm bekannte Mainstream Artisten handelt, oder Decouverten aus dem Underground. Musek ass d'Mamm vun allem an d'Mamm huet ëmmer Recht.

Den Numm vun der Sendung dréit eng gewëssen Tendenz zur Destruktioun a sech. Wäert Dir just Placken zerräissen?

J.R. an Y.S.: Dorëms geet et eis natierlech net. Mir wëlle virun allem spannend nei Verëffent- lechunge virstellen. Mir si Fans vu gudder Musek, a si frou déi kënne mat den Nolauschterer ze deelen. Wann allerdéngs e Kënschtler oder eng Kënschtlerin eppes erausbréngt, wat trotz pop- kultureller Relevanz musikalesche Brach ass, wäert dat selbstverständlech gesot ginn.


D'Playlist vun där éischter Emissioun

  1. John Maus - The Combine (Screen Memories, 27.10. - Ribbon Music)
  2. Gun Outfit - Strange Insistence (Out of Range, 10.11. - Paradise of Bachelors)
  3. Courtney Barnett & Kurt Vile - Over Everything (Lotta Sea Lice, 13.10. - Milk! Records)
  4. Deer Tick - Card House (Deer Tick Vol. 1, 15.09. - Partisan)
  5. Siriusmo - Where Was I? (Comic, 15.09. - Monkeytown)

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Alex Cameron
Forced Witness vum Alex Cameron

Ass et Kritik, Satir oder séngt den Alex Cameron iwwert sech? Den Australier beschäftegt sech mat rosene wäisse Männer. D'Lidder sinn deguelasse an danzbar. Kierperflëssegkeete bilde meeschtens d'Basis.

Rentree 2017.jpg
radio 100,7

Den 11. September start de radio 100,7 an déi nei Saison. Mir hunn eise Programm liicht un Är Lauschtergewunnechten ugepasst. Hei sinn d'Schwéierpunkten aus Aktualitéit, Musek, Kultur a Magazin.

Grizzly-Bear-Tom-Hines-1A7A7954-L.jpg
ALBUM VUN DER WOCH

De fënneften Album vun der US-amerikanescher Indie-Rock-Band weist sech Schicht fir Schicht, Stëmmung fir Stëmmung, Dag fir Dag. "Painted Ruins" besteet aus originelle Rhythmen a vill Synthesizeren.

The War On Drugs
The War On Drugs

Et si schonn dräi an en halleft Joer hier, datt den Album "Lost in a Dream" vun "The War on Drugs" verëffentlecht gouf. Hir nei Plack "A Deeper Understanding" ass een éierbaren epeschen Nofolger.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen