Neie musikalesche Projet klein. - akustesch an elektronesch

De Jérôme Klein ass ee vun deene villsäitegste Museker zu Lëtzebuerg. Elo lancéiert hien deen éischte Projet, wou seng eege Musek am Mëttelpunkt steet. Hie gëtt vu bekannte Gesiichter encadréiert.

Jamie Reinert / ys

klein.
De Jérôme Klein

An der Lëtzebuerger Musekszeen kënnt ee kaum laanscht de Jérôme Klein. Hien ass Pianist, Batteur a Vibraphonist. Ënner anerem spillt hie bei Pol Belardi's Force, Urban Voyage, Napoleon Gold, Maxime Bender Universal Sky, Fox oder Metromara. "Et ass Stress, mä ech maachen dat gär. Vläicht brauch ech och dee Stress", laacht de Jérôme Klein.

klein. ass deen éischte Projet, wou hien de Mastermind ass, wou seng Kompositiounen am Mëttelpunkt stinn. "Do presentéieren ech dat, wat ech fillen a wëll weisen. Et ass ee Mix vu ville Saachen, déi ech scho gemaach hunn. Ech spille jo och Electro, Jazz a Rock. Et ass vläicht eng Synthèse vun deem Ganzen. Awer och zimlech minimalistesch. Et ass eng ganz Ambiance."

Mat am Trio sinn de Pol Belardi an den Niels Engel, mat deenen de Jérôme Klein och an anere Projeten aktiv ass. Hie géif si ebe gutt kennen a wéisst a wéi eng Richtung et mat hinne géif goen. Ufanks hätt hie bei dësem Projet wéilte Batterie spillen, mëttlerweil wier hien awer bei den Tasten ukomm. "Ech probéieren dat Akustescht mat deem Elektroneschen zesummeschmëlzen ze loossen."

klein. huet eng Artiste-Residenz am Kader vum Festival Like A Jazz Machine. Dat hätt et erlaabt, de Projet ënner professionelle Bedingunge wuessen ze loossen, seet de Jérôme Klein. Hien hätt vill Energie dragestach a géif hoffen, datt d'Band och nom Festival géif weider existéieren. Och iwwer een Album géif een nodenken.

De 25. Mee kann ee klein. zu Diddeleng erliewen.

An der Mediathéik:

Backstage / / Philippe Hansen
Lauschteren

Méi zum Thema

RYVAGE
Elektronesch Musek

De Samuel Reinard lancéiert een neie Solo-Projet. "Ryvage" ass progressiv elektronesch Musek, déi aus dem Bauch eraus entsteet. D'Kompositiounen dréinen ëm Kontraster, Spannungen an Trance.

Daniel Balthasar
Musek vu Lëtzebuerg

"Presence of Absence" heescht deen neien Disk vum Daniel Balthasar. De lëtzebuergesche Museker hëlt seng Albume gären a méi spezielle Studioen op. Fir seng sechste Scheif goung et an Holland.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen