CD: Franz Schubert: Grosse Symphonie in C-Dur
Label: Farao
Interpretatioun: | |
Klang: |
Interpreten:
KlangVerwaltung, Enoch zu Guttenberg (Dirigent)
Méi kontraproduktiv wéi KlangVerwaltung kann en Numm fir en Orchester am Fong geholl kaum sinn - sollt ee mengen! Bei dem Ensembel, dee sech 1997 gegrënnt huet, ass et allerdéngs just de Contraire. Hei gëtt keng routinéiert Bürosaarbecht gemaach, hei gëtt Musek net just administréiert, brav vum Blat gespillt. Bei KlangVerwaltung vibréiert d'Musek bis an d'Spëtzt vun all Geiebou. A wann den Orchester sech als Verwalter vum Franz Schubert senger Musek consideréiert, dann an deem Sënn, datt een den Intentioune vum Komponist esou gerecht wéi méiglech wëllt ginn.
Kammermusek am Groussen
Mir erliewen an dëser Schubert-Interpretatioun Kammermusek am Groussen, eng Partitur, déi bis op déi lescht Partikelen distilléiert ass, ouni datt se awer an hir Eenzeldeeler zerfält. Den Dirigent Enoch zu Guttenberg ass manifestement kee Frënd vu pathetesche Gefillsausbréch, vu grousse romantesche Gesten - an dat deet der Musek richteg gutt.
Seng relativ schëtzeg Tempi sinn d'Spigelbild vun der onroueger Séil, déi dës Musek komponéiert huet. Beim Schubert verstoppt sech hannert all Laachen och ëmmer eng kleng Tréin, an do mécht de generell freedege Charakter vun dëser Symphonie keng Ausnam. Den Enoch zu Guttenberg an de solistesch exzellent besaten Orchester, dee wonnerbar kloer an transparent spillt, loosse sech net vun deem helle Grondtoun blenden. Hei gëtt et, net wéi a villen aneren Interpretatiounen, keen triumphalen, feierlechen, pompöse Schluss. Um Enn, an och grad dowéinst, ass et grouss Romantik.