Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klo géint Tun Tonnar zeréckgewisen

Geriichtsprozess

Klo géint Tun Tonnar zeréckgewisen

Den Tun Tonnar gouf um Bezierksgeriicht fräigesprach. De Fred Keup, de Joe Thein an eng drëtt Persoun haten de Museker ugesicht, well si sech an engem Lidd perséinlech ugegraff gefillt hunn.

auto_stories

3 min

Den Text vum Lidd "Féck Lëtzebuerg" enthält ënner anerem d'Passagen "Féck de Fred Keup" oder "Féck de Joe Thein".

Béid Politiker hunn doropshin eng Plainte gemaacht an den Tun Tonnar huet sech dofir wéinst Injure vum Bezierksgeriicht an der Stad misse veräntwerten. Dem Joé Thein no géif dem Tun Tonnar säi Lidd Institutiounen, Parteien a Politiker beleidegen.

Konschtfräiheet oder Beleidegung?

Den Tun Tonnar sot eis, hien hätt näischt falsch gemaach, a säi Lidd wier e satirescht Wierk. "Féck Lëtzebuerg" wier ee Lidd géint eng Politik, fir déi hien net géif stoen, seet hien. Hie wier sech deen Ament, wou hien d'Lidd geschriwwen huet, kenger Beleidegung bewosst gewiescht.

De Joé Thein war der Meenung, datt verschidden Aussoen am Lidd Zitat "strofrelevant" sinn an huet vu "Volleksverhetzung" geschwat. Och Konschtfräiheet misst d'Éier an d'Würd vum Mënsch respektéieren.

Fuerderung vum Parquet gouf net nogaangen

Déi dräi Persounen, déi den Tun Tonnar ugesicht hunn, haten e Schuedenersatz vu 5.000 respektiv 10.000 Euro gefuerdert. Et hätt een als Artist "keng Narrenfreiheit", esou dem Fred Keup säin Affekot.

D'Defense verweist hirersäits op d'Liberté d'expression a bezeechent d'Lidd als Satir. Donieft misst am Rap ee méi vulgäre Sproochgebrauch toleréiert ginn. De Parquet huet sengersäits 1.500 Euro Schuedenersatz gefuerdert. Deem ass d'Geriicht net nokomm an huet d'Klo zeréckgewisen.

Reaktioune vum Tun Tonnar a vum Joé Thein

An enger éischter Reaktioun seet den Tun Tonnar, hie wier erliichtert. Hien hofft elo, datt d'Uerteel och am Fall vun engem Appell net ännert, an datt ee gewëssen Impakt op d'Kënschtler zu Lëtzebuerg wäert hunn.


D'Reaktioun vum Tun Tonnarplay_arrow

"Datt de Konschtsecteur vläicht zu Lëtzebuerg sech an Zukunft méi traut fir kritesch ze sinn a vläicht emol heiansdo Saachen opzeweisen, déi net stëmmen oder déi net sou gutt klappen, wat jo och menger Meenung no eng Roll ass vu Kënschtler fir einfach ee Spigel vun der Gesellschaft ze sinn. Dat huet mir an der Lescht och ë bësse gefeelt zu Lëtzebuerg an ech mengen d'Musekszeen ass relativ clean an et ginn net vill Saachen déi unecken, awer Konscht dierf roueg unecken."


De Politiker Joé Thein, ee vun de Kläger, ass der Meenung, datt d'Uerteel d'Land, seng Institutiounen a seng Politiker géif diskreditéieren. Nodeems de Procureur d'État a sengem Plädoyer nach eng Entschiedegung vu jeeweils 1.500 Euro fir déi dräi Kläger gefrot huet, géif et de Parteipresident vun "déi Konservativ" ëm sou méi verwonneren, datt d'Geriicht schlussendlech op Fräisproch decidéiert hätt. D'Argumentatioun vum Geriicht stellt de Joé Thein a Fro.

D'Reaktioun vum Joé Theinplay_arrow

"Kënschtleresch Fräiheet ass eng gutt Saach a selbstverständlech muss een dat als ee Grondrecht an eisem Staat verdeedegen, dat ass ganz kloer. Awer wann et perséinlech gëtt a wann ee perséinlech Nimm nennt a wierklech zu Haass géint Persounen oprifft, dann hu mir Grenzen iwwerschratt an ech denken dat ass keng gesond Entwécklung, egal ob ee mat engem d'Accord ass oder net. Wann een dat mécht, iwwerschreit ee Grenzen an ech denken net, datt dat gutt ass fir eist Land."


De Joé Thein annoncéiert dann och, datt hie géint d'Decisioun vum Geriicht an Appell wäert goen. De Fred Keup - ee vun de weidere Kläger - war nach net zu engem Statement bereet.