Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - L'Addio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Komm mir huelen eng CD op"

Klassik-CD: "Cyprien Katsaris presents Katrin Hagen"

"Komm mir huelen eng CD op"

Déi 24 Joer al Klarinettistin war schonn dacks Gewënnerin vum däitsche Museksconcours “Jugend musizéiert”. Lo krut si d’Geleeënheet fir mam renomméierte Pianist Cyprien Katsaris eng CD opzehuelen. De Manuel Ribeiro huet sech mam Katrin Hagen iwwert déi nei CD an iwwer hiert Instrument ënnerhal.

Manuel Ribeiro / po

auto_stories

2 min

(©Catherine Thiry)

Dass déi jonk Klarinettiste mat engem "Star", wéi d'Katrin Hagen de Cyprien Katsaris nennt, eng CD ophëlt, ass duerch en Zoufall komm: Déi zwee Museker hu sech am Kader vum Iechternacher Festival kenne geléiert. De Pianist war laang den artisteschen Direkter vum Festival a bleift em als Kënschtler trei. No engem Concert hätt de Cyprien Katsaris si gefrot, fir him eng Opnahm vu sech ze schécken. A kuerz drop hätt hien ugeruff a gesot: "Komm mir huelen eng CD op".

Fräi Hand fir d'Klarinettistin

D'Opnahm am "Schloss Freudental" am däitschen Allensbach huet eng Woch an Usproch geholl. Praktesch wier dat esou ofgelaf, dass eenzel Sätz a Passagen no an no agespillt goufen an net eng ganz Sonat an engem Stéck. D'Stécker vun den dräi Komponiste Brahms, Saint-Saëns a Crusell huet d'Katrin Hagen selwer ausgesicht: "De Cyprien huet mir do fräi Hand gelooss."

Viru kuerzem ass den Album beim Katsaris sengem eegene Label Piano21 eraus komm. Ze héiere si Stécker vum Brahms senger éischter Klarinettesonate, dem Saint-Saëns seng Klarinettesonate wéi och vum Crusell sengem drëtte Klarinetteconcerto. De 4. September 2015 hunn déi zwee dës Stécker och um Iechternacher Festival gespillt. Weider Concerte sinn den 30. Januar zu Bitburg, an den 10. Abrëll zu Veianen am Schlass.

Studéieren an enseignéieren

D'Katrin Hagen, Joergank 1991, ass zu Tréier gebuer an huet mat siwe Joer mat Klarinett ugefaang. Si huet och um lëtzebuergesche Concours “Jeunes Solistes” matgemaach, an ass sou eng éischte Kéier hei am Land opgefall. Zënter 2011 schafft si zu Iechternach an der Musekschoul als Chargé de cours fir Klarinett.

2014 absolvéiert d’Katrin Hagen an der “Hochschule für Musik Saar” zu Saarbrécken, hire Studium of mam “Bachelor of Music – künstlerisch pädagogisches  Profil” am Haaptfach Klarinett beim Professer Matthias Höfer. Weider Studien am Beräich Nei Musek stinn nach um Programm vum Katrin Hagen, déi , agestallt ass.

Extraiten vun der CD héiert Dir am Interview vum Manuel Ribeiro mam Katrin Hagen: