Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kompositionsmethode vun Napoleon Gold

Vun der Insomnie bei den Album

Kompositionsmethode vun Napoleon Gold

"Sunset Motel" heescht den Debutalbum vum Lëtzebuerger Museker a Produzent Antoine Honorez alias Napoleon Gold. Zanter senger Kandheet leit den Antoine ënner Schlofstéierungen. Um Album verschafft hien dat op eng labber an dreemeresch Manéier. Mee wéi entwéckelt een aus enger Iddi e musikalescht Konzept, Lidder an e ganzen Album? De Kënschtler gëtt en Abléck a säi kreative Prozess.

auto_stories

4 min

Fokusséiert sinn an ëmmer mat engem Zil virun Ae schaffen. Dat ass d'Taktik vum Antoine Honorez. Enges Daags wier him moies ënner der Dusch bewosst ginn, datt hie scho ganz laang net méi gutt geschlof hätt, an datt hie genee doriwwer wéilt en Album maachen. Hien hätt sech ganz vill Froe gestallt doriwwer, wéini seng Insomnien ugefaangen hätten, wéini a wou hien net kéint schlofen, wéi hie sech fillt, wann hien net kéint schlofen a sou weider.

Et wier wichteg, datt ee sech géif bewosst ginn, iwwer wat ee géif schreiwen, an et wier och wichteg, deenen anere Leit, déi um Projet matschaffen, d'Thematik sou konkret wéi méiglech kënnen duerzeleeën.

Playlist a Moodboard als Ausgangspunkt

"Ech hunn ugefaangen, andeems ech mir eng Playlist gemaach hunn, mat Lidder, déi mech ugeschwat hunn, par Rapport zu deem, wat ech wollt ausdrécken", seet den Antoine Honorez.

Stilistesch ass seng Playlist ganz gemëscht, et goung net drëms, e bestëmmte Genre ofzedecken. Sou fënnt een zum Beispill Lidder vu Sade oder vun Tangerine Dream drop, awer och Stécker vum Steve Reich.

Gläichzäiteg huet den Antoine Honorez och e visuellt Moodboard ugeluecht. "Dat ass a mengen Aen eng wichteg Hëllef am kreative Prozess, fir Supporten ze hunn, déi net nëmmen Audio sinn." Gefiller géifen net just duerch Téin vermëttelt ginn, mee duerch all d'Sënner.

Grondstëmmung: 80's

Als nächst hätt hie sech seng Playlist a säi visuellt Moodboard ugekuckt, an no Saache gesicht, déi opfalen, seet den Antoine Honorez.

Op de Biller ass vill blo a rout ze erkennen, vill kënschtlech Beliichtung an Neonstuben, vill Fotoen, déi ganz fréi Moies entstane sinn. Dës visuell Stäip hätt him ëmmer nees gehollef fir zeréck an d'Stëmmung vum Album ze kommen, wann hie bësse verluer gewiescht wier, seet den Antoine.

Bei der Playlist wier him bewosst ginn, datt vill Lidder aus de spéiden 80er a fréien 90er drop sinn. An där Zäit hätt hien déi éischt Erënnerungen un Insomnien. Dofir hätt hie sech decidéiert, Kläng, déi typesch fir d'Musek aus där Zäit sinn, op den Album ze bréngen. Wéi zum Beispill de Yamaha DX-7 Synthesizer.

Template als Kader

Fir all déi gesammelt Emotiounen an eegen, originell Kompositiounen ëmzesetzen, huet den Artist sech e Kader gesat. Hien huet musikalesch Elementer a senger Playlist identifizéiert, déi a ville Lidder gemeinsam waren. Zum Beispill Lidder, déi bësse repetitiv sinn, Lidder déi e gewësse Mouvement hunn, Lidder, déi e bësse chaotesch sinn. Wann ee sech déi Saache géif opschreiwen, hätt een eng kloer Iddi, zum Beispill wat den Tempo, d'Tounaarten oder de Sound ubelaangt, awer och d'Grondstëmmung.

Aus deenen Eckdaten hätt hie sech en Template gebaut, deen d'Grondlag fir all Kompositioun sollt sinn. Eng limitéiert Sammlung aus Drum Samples a Software-Instrumenter, déi wärend dem ganze Prozess ëmmer nees benotzt goufen. Dat géif fir Konsistenz um Album suergen, erkläert den Antoine.

Wärend dem kreative Prozess wier et wichteg, fir dat, wat ee komponéiert, ëmmer nees mat senge Virgaben ofzegläichen an ze kucken, ob et an d'Konzept passt.

Kollaboratioun fir op 100 Prozent ze kommen

A sengen Ae wier et och wichteg, fir mat anere Leit zesummenzeschaffen. Eleng kéim een dacks just op 90 oder 95 Prozent. Eng Kollaboratioun kéint dacks déi 5 oder 10 Prozent bréngen, déi feele fir de Song komplett ze maachen. "Op wat et um Enn ukënnt ass, datt de Song gutt ass. Ob en zu 100, 95, 90 oder 85 Prozent vun dir ass, ass finalement egal."

Och wat d'Koherenz ubelaangt, wier et wichteg, datt een heiansdo vun enger externer Persoun nees géif zeréck op d'Pist bruecht ginn.

D'Sängerinnnen a Sänger, mat deenen den Antoine Honorez op sengem Debutalbum geschafft huet an och all d'Tountechniker, déi un der Produktioun bedeelegt waren, hätte vu senger konzeptueller Aarbecht mam Moodboard an der Playlist profitéiert, seet hien. D'Persoun, déi sech ëm de Mixage bekëmmert huet, hätt zum Beispill direkt verstanen, wéi eng Zort vun 80's Effekter gewënscht wieren.

Dësen Abléck a seng Aarbechtsweis um Napoleon Gold-Debut "Sunset Hotel" huet den Antoine Honorez am Kader vun de Rocklab Afterworks ginn. Unhand vun enger Rëtsch Songs huet hie seng Approche ganz am Detail virgestallt.