Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kompromësslos Ouerwuermqualitéiten

"Alltogether Unaccompanied"

Kompromësslos Ouerwuermqualitéiten

D'Helena Deland brengt mat "From the Series of Songs - Alltogether Unaccompanied" e Popalbum eraus, dee virun allem duerch seng sensibel Produktioun punkte kann. Streng geholl hu mir et awer net wierklech mat engem richtegen Album ze dinn.

auto_stories

3 min

D'Helena Deland verëffentlecht hir Musek léiwer nom Muster vun der Salamitaktik. Déi véier Volumme vun "Alltogether Unaccompanied" mat zwee bis dräi Lidder huet si een nom aneren iwwer d'Joer 2018 verdeelt erausbruecht. Dat Ganzt kann een elo awer och als soi-disant Album am Bundle kafen oder via Streaming-Déngscht lauschteren.

2015 ass der kanadescher Kënschtlerin hiren éischten EP "Drawing Room" erauskomm. Déi nach ganz jonk Deland kënnt ursprénglech aus dem Folkpop-Beräich an huet ugefaangen, hir Lidder lues a lues mat elektroneschen Elementer unzeräicheren. Bemierkenswäert sinn déi immens lëfteg Instrumentéierung an déi kompromësslos Ouerwuermqualitéite vun deene neie Lidder. "Body Language" zum Beispill baut sech ganz laid back op enger knackeger Rhythmusgittar op. Deen extrem agängege Refrain ass net iwwerlueden a kann ootmen.

Dee wonnerschéine Walzer "Stone is a Stone" erzielt ganz vag vun engem ellenen Erwächen an dem Ëmgang mat enger Trennung. Och dëse Slow hält sech zeréck an entwéckelt sech zu engem fragile Chorus. Mat ganz vill Léift ass hei un der Dynamik geschafft ginn, näischt wierkt fake oder schnulzeg. A sou Momenter héiert ee ganz gutt, wéi d'Helena Deland sech u weiblechen Indie-Gréissten à la Sharon Van Etten a Konsorten orientéiert.

D'Texter vun de Lidder bleiwen éischter flou, heefeg geet et ëm en Ech an en Du, ëm Erënnerungsfatzen an Iddien, wéi ee se aus tëschemënschleche Relatiounen erkennt. Wierklech konkret gëtt d'Helena Deland dann awer ni. Dacks setzt sech dës Tendenz och an der Musek duerch.

Während déi eng Lidder éischter méi akustesch klengen, gëtt et och eng Rei Tracks, déi sech um Trip-Hop vun de 90er orientéieren. "Take it All" beispillsweis erënnert ufanks duerch säin dronenaartege Synthesizer a den hallende Beat un eng Kräizung tëschent "Pyramid Song" vu Radiohead an "Teardrop" vu Massive Attack. Déi schwéier Atmosphär gëtt gebrach duerch der Deland hir kloer Stëmm. De Videoclip vum Lidd weist onschaarf Opname vun enger Koppel a spillt visuell mat Haut- a Grotéin. Doduerch entwéckelt sech eng entréckt Faszinatioun, an där ee sech séier verléiert.

Vun all de Stécker op deene véier Volumme stécht ee ganz kloer ervir. Den Titel "Claudion" huet d'Helena Deland hirer Cousine a beschter Frëndin Claudia dedicacéiert. Dësen Track ass Synthpop a senger allerrengster Form, ouni awer jeemools cheesy ze ginn. Mat enger onheemlecher Sensibilitéit schaaft d'Helena Deland och hei ee Lidd, wat poppeg an immens douce zugläich klengt. Een Hit, op deen ee souwuel danze wéi och knuutsche kann. Oder déi zwee. D'Helena Deland muss ee jiddwerfalls am A behalen.