Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kultur ass net a Quarantän!"

Koll an Aktioun On Air

"Kultur ass net a Quarantän!"

Et gesäit net gutt aus fir de Festivalsummer. Nodeems bekannt gouf, datt bis den 31. Juli keng Evenementer dierften organiséiert ginn, hu vill Festivalen d'Editioun 2020 ofgesot. Dorënner och de Koll an Aktioun. Dee wäert net ënner der gewinnter Form zu Maartel iwwer d'Bühn goen. Awer dee schéinste Lëtzebuerger Festival huet eng aner Plaz fonnt, fir den 30. Mee ze feieren: De radio 100,7.

auto_stories

2 min

Sou no däerfe mir dëst Joer leider net beienee stoen (Foto: Giordano Léa)

"Wou et eis bewosst ginn ass, datt de Festival, sou wéi e geplangt ass, net wäert stattfannen, dat war schonn e klenge Coup", seet de Christophe Murroccu vum Koll an Aktioun. "Mir waren eis eens, mir wéilten net direkt d'Bengele bei d'Tromm geheien." Kultur wier net a Quarantän, ënnersträichen d'Organisateuren.

No engem kuerze Brainstorm an engem Telefonat war kloer: De Koll an Aktioun maache mir dëst Joer um radio 100,7.

Lokal an interaktiv

Un der Affiche gëtt momentan geschafft, mee et wäert definitiv live Musek a Festivalstëmmung ginn, um Nomëtteg vum Samschdeg, 30. Mee. Wien de Koll kennt, weess awer och, datt niewent der Musek och Wäerter wéi Familljefrëndlechkeet, lokal an nohalteg Produiten, Konscht an Artisanat eng wichteg Roll spillen.

Och déi lokal Verankerung am Schifermusée zu Maartel ass den Organisateure wichteg, genee sou wéi d'Interaktivitéit. "Mir hunn Iddie fir interaktiv Workshoppen ze maachen, sidd gespaant!", seet de Christophe Murroccu. "Mir wëllen eben net just, datt d'Leit den Dag wou de Festival ass einfach an der Stuff sëtzen an nolauschteren oder nokucken. Si solle wierklech d'Gefill kréie vun engem Festival an och matmaachen. Et soll en Happening sinn."

Foto: Kevin Bast

De Rendezvous fir de Koll an Aktioun On Air ass den 30. Mee, hei um radio 100,7 - on air an online. Mir verspriechen Iech Festivalstëmmung, live Musek, interessante Gespréicher, ongewéinleche kulinaresche Momenter an dem Esprit vum eemolege Site vum Schifermusée zu Maartel.

Leit, déi schonn Tickete kaaft hunn, kréien déi ganz einfach rembourséiert. Well de Koll an Aktioun On Air ass natierlech gratis.