Radioen

On air

Notturno  |  Chaild - Above Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Latent perversen a super danzbare Synthesizer-Kéis

Forced Witness vum Alex Cameron

Latent perversen a super danzbare Synthesizer-Kéis

Ass et Kritik, Satir oder séngt den Alex Cameron iwwert sech? Den Australier beschäftegt sech mat rosene wäisse Männer. D'Lidder sinn deguelasse an danzbar. Kierperflëssegkeete bilde meeschtens d'Basis.

auto_stories

3 min

Den Alex Cameron ass en australesche Museker, deen et vun do ënnen eraus gepackt huet, an déi grouss wäit Welt. Dat ass keen onwichtegen Detail. Mat sengem wichtegste musikaleschen Acolyte, dem Roy Molloy um Saxofon an enger onendlecher Zuel vu Preseten op verschiddenste Sythesizeren huet hie mam éischten Album "Jumping The Shark" den Outback onsécher gemaach. Op Tournée konnt hie mat där Musek Bekanntschafte schléisse mat enger ganzer Rëtsch vun interessante Museker. E puer vun deene sinn elo um zweeten Album "Forced Witness" vertrueden.

De wichtegste Mann am musikalesche Liewe vum Alex Cameron nieft dem Roy Molloy dierft den Jonathan Rado sinn. Haaptberufflech ass hien an der Band Foxygen, produzéiert awer ëmmer méi aner Kënschtler. Duerch hien ass op musikaleschem Plang vill geschitt.

Beim Zänndokter

Et ass a bleift nach ëmmer am Fong ganz iwwele Synth-Kéis. De Sound kritt awer op dësem zweeten Disk eng Déift, déi méi Arrangéierhandwierk a manner Attitüd opweist. Dat heescht nach ëmmer net, datt "Forced Witness" musekshistoresch kohärent ze paken ass, dofir awer raimlech. Keen 80s Bryan Ferry / Roxy Music, mee eng gielzeg-beige Salle d'attente, 1986 beim Zänndokter. An op der grousser Majoritéit vun de Songs, der Waardezäit, iert een d'Zänn geplompt kritt, ass dem Molloy säi Saxofon prominent um Rendez-vous.

All déi Songs strotze just esou vun Iwwerzeegung a vu Catchiness, datt een iwwert dem Danzen iwwerhaapt net matkritt, wat deen aalglaten Australier a sengem limite eeklege Marcel eigentlech textlech vu sech gëtt.

An Zäiten vun Angry white men, déi an der Reegel keng Grimmel Sënn fir Goût an Ästhetik hunn, awer erschreckend vill ze soen hunn a ville Leit d'Liewe schwéier maachen, liwwert den Alex Cameron mat "Forced Witness" de Soundtrack. Forcéiert gëtt hei wierklech kee fir Zeien ze ginn, an awer iergendwéi schonn. Dem Cameron seng Songs sinn an deem Kontext méi "perséinlech", huelen awer aus deene klenge Geschichte vu ridicule lächerleche Losertypen de politesche Geste eraus.

Mat Iwwerhieflechkeet a Selbstgefällegkeet séngt hien vu Männer, déi d'Weisheet mam Zoppeläffel gedronk hunn, dobäi awer exklusiv schlecht iwwer Matmënschen schwätze kënnen. De préférence iwwer Fraen, déi se unhimmelen, awer net wëssen, wéi domadder ëmgoen, iwwert deenen hir Typen, déi och net wësse wat maachen, an iwwer dräi Ecken och iwwer sech selwer.

Afrostellung vum moderne Mann

Ouni déi ganz Degeulassitéiten, Eeklegkeeten a beonrouegend Biller ze widderhuelen, déi dacks Kierperflëssegkeeten um Fong huet, ënnert dem ganzen arrogante Machogehabe verstoppt sech eng batter-béis witzeg a glauque Afrostellung vum moderne Mann als soziologeschen Typus, an déi net all ze wäit Kastratioun vu joerhonnertelaange Männlechkeetswäerter. Dem Robert Palmer géif de Schweess ausgoen! An dann däerf ee sech natierlech d'Fro stellen, a wéi wäit de Cameron net awer vu sech selwer séngt a schwätzt.

Mat esou Leit ewéi dem Jonathan Rado, Roy Molloy, mee och d'Angel Olsen oder de Brandon Flowers léisst hien hei e musikaleschen Univers kohärent operstoen. Deen ass zwar alles anescht wéi weltbeweegend, dofir awer weird, glat, latent pervers a super danzbar. A wann ee bedenkt, datt den Alex Cameron a säi Produzent sech déi éischte Kéier am David Lynch senger Boîte zu Paräis getraff hunn, ass et scho verwonnerlech, datt hien mat sengem Kéis a Saxophon net an der leschter Saison Twin Peaks opgetrueden ass. Kohärent wier och nämlech dat!