Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Future Islands - Say Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lauschtert d'Aircheck Session vun der Evelinn Trouble

Live Musek am Stream

Lauschtert d'Aircheck Session vun der Evelinn Trouble

Fir och an der Pandemie méiglechst ville Leit Accès zu Live Musek z'erméiglechen, hu mir d'Aircheck Sessions an d'Liewe geruff. D'Evelinn Trouble proposéiert en intimistesche Solo-Set mat Bariton-Gittar a Piano.

auto_stories

1 min


Lauschtert d'Session


Am August hätt si fir d'lescht op enger Bün gestanen, seet d'Evelinn Trouble. "Dat war zu Bern, an der Schwäiz. Do waren deemools zimmlech irresponsabel Zoustänn: De Public hat effektiv keng Masken un."

Déi ronn 50 Leit, déi ënner den aktuelle Mesuren hunn dierften an de Sall vun der Kulturfabrik, kruten e Set gebueden, deen op dat Wesentlecht reduzéiert war. D'Sängerin huet mat ganz einfache Mëttelen hir Songs an eng Selektioun vu Coveren interpretéiert. Eng Bariton-Gittar an e Piano hunn hirer Stëmm genuch Plaz gelooss fir ze brilléieren.

Si hätt vum Lockdown profitéiert fir hiren neien Album fäerdeg ze maachen, sou d'Sängerin. No an no wäerten doraus Singele verëffentlecht ginn. Wéini d'Scheif erauskënnt, mécht d'Evelinn Trouble ofhängeg vun der sanitärer Situatioun: "Ech hu keng Loscht eng Plack ze verëffentlechen, wann ech keng Concerte ka spillen."