Concert Lauschtert d'Aircheck Sessions vun Tuys

Fir trotz der Pandemie Concerte kënnen ze genéissen, huet de radio 100,7 zesumme mat der Kulturfabrik zu Esch d'Aircheck Sessions an d'Liewe geruff. Den éischte Concert kënnt vun Tuys. Lauschtert hiren Optrëtt hei nach eng Kéier.

Aircheck Session vun Tuys

Eemol am Mount sinn an der Kulturfabrik zu Esch Concerten, déi de radio 100,7 live iwwerdréit. Den éischte Concert kënnt vun der Indie-Rock-Formatioun Tuys, déi dëse Samschdeg um 17:00 Auer gespillt hunn. Hiren Optrëtt an der Kulturfabrik ass och d'Contributioun vum radio 100,7 fir den Eurosonic Festival am Januar.

"Mir si mega happy, endlech erëm ee Concert spillen ze kënnen", seet de Keyboarder a Gittarist Tun Biever. Tuys huet och vum Concert an der Kufa profitéiert fir e Lidd ze spillen, dat si nach ni live gespillt hunn.

Lauschtert hei de ganze Concert

Foto: Yves Stephany

Foto: Yves Stephany

Foto: Yves Stephany

Méi zum Thema

AIRCHECK Tuys
live Musek um 100,7

Fir kënne weider live Musek ze genéissen, lancéieren d'Kulturfabrik an de radio 100,7 d'Aircheck Sessions. Tuys maachen dëse Samschdeg um 17:00 den Optakt. De Concert ass eis Contributioun zum Eurosonic.

Programm

Net verpassen

  • De Schwéierpunkt am November: Depressiounen

    Depressiounen

    Wanterblues vs Wanterdepressioun, klassesch Depressioun, Angschtstéierungen, Suicide, Impakt vun der Pandemie: Mir analyséiere de Sujet aus all méigleche Bléckwénkelen 

    All Dënschdeg um 13:15

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen