Ordre de la Couronne de chêne Lëtzebuerg éiert den Arvo Pärt

Den Arvo Pärt hätt am Laf vu senger Karriär als Komponist probéiert, d'Bréckefunktioun vun der Kultur tëschent Russland a Westeuropa oprecht ze erhalen, seet de Lëtzebuergeschen Ambassadeur fir d'Tscheschech Republik, d'Ukrain an Estland Ronald Dofing. Dofir, fir seng Meritten als Museker a well hien e Vertrieder vum humanisteschen Europa ass, huet d'Lëtzebuerger Regierung decidéiert, him den Ordre de la Couronne de chêne ze iwwerreechen.

Luc Boentges

Arvo Pärt
Arvo Pärt (© Birgit Püve)

Den Arvo Pärt am aktuelle Kontext vum Krich an der Ukrain mat esou engem Uerden an Estland ze éieren, wier e Symbol fir d'Zesummebréngen an eiser Zeit, seet de Lëtzebuergeschen Ambassadeur fir d'Tschechesch Republik, d'Ukrain an Estland Ronald Dofing. Hie war am Arvo-Pärt-Zentrum zu Laulasmaa, fir den Ordre de la Couronne de chêne z'iwwerreechen. Mat dëser Éierung, géif een ënnersträichen, wéi wichteg d'Kultur am europäesche Kontext wier, an datt "[..] mir ëmmer hoffen, datt déi humanistesch Grondlag vun eiser Zivilisatioun zum Schluss d'Iwwerhand behält", esou de Ronald Dofing.

"Estland huet eng ganz grouss russophon Minoritéit an ass op deem Punkt dofir och extrem sensibel, fir de Kontakt iwwer d'Kultur oprecht z'erhalen."

Dem Arvo Pärt seng Biographie géif och dorop hiweisen. Als Komponist, deen an der fréierer Sowjetrepublik grouss ginn ass a spéider zu West-Berlin gelieft huet, hätt hien ëmmer probéiert d'Bréckefunktioun vun der Kultur tëschent Ost a West, tëschent Westeuropa a Russland, oprecht z'erhalen. De Message vum Arvo Pärt géif iwwer seng Musek eraus goen an hie wier e Vertrieder "[...] vun deem humanisteschen Europa, dat mir alleguerte verdeedegen, besonnesch an dëser Zäit", seet de Ronald Dofing.

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

Carilloneur Fabrice Renard
Les Ballades du Carillon

An der Basilika zu Iechternach steet an engem vun den Tierm ee Carillon - een Instrument wat net vill Leit kennen. Véier Mol am Summer spillt de Fabrice Renard do op ongeféier 80 Meter Héicht e Concert.

Iechternach
Reportage

Déi allermeescht Klacken hei am Land ginn automatesch gelaut. Zu Iechternach ass dat anescht. An engem vun der Basilika hiren Tierm ass nämlech e Carillon - e Klackespill, dat ee manuell spille kann.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen