Radioen

On air

De Weekend  |  Depeche Mode - Policy Of Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Musek um Radio

Radioen

Lëtzebuerger Musek um Radio

Komponiste kloen, et géif net genuch Lëtzebuerger Musek op de Lëtzebuerger Radioe gespillt ginn. De Prozentsaz ass effektiv niddereg. Dofir sinn zum Deel awer d'Kënschtler selwer responsabel.

auto_stories

5 min

Museker sinn op Airplay ugewisen, fir beim Public bekannt ze ginn (Foto: Cyclorama)

De radio 100,7 huet 2015 325 Stonne Musek vu Lëtzebuerger Komponiste gespillt. Dat sot den Direkter Jean-Paul Hoffmann am Kader vun enger Table Ronde iwwer Airplay vu Lëtzebuerger Musek. Et ass eng kloer Hausse ze verzeechnen: 2014 waren et nach 255 Stonnen an 2013 nëmmen 102 Stonnen. Bei dëser Zuel ass déi klassesch Musek net matgerechent.

Déi Progressioun erkläert den Direkter vum radio 100,7 doduerch, datt verschidde Mataarbechter sech fir méi Airplay vu Lëtzebuerger Musek agesat hätten. An deene leschten dräi Joer wäre systematesch Efforte gemaach ginn, fir dat ze verbesseren.

Kommerziell Radioen

Dräi Prozent vun der Musek, déi RTL Lëtzebuerg spillt, kënnt vu Lëtzebuerger Artisten. Déi Zuel misst een allerdéngs relativéieren, sou de Gerard Floener, dee bei RTL Responsabel fir d’Musek ass. Am Joer kéimen 100 Lëtzebuerger Sortie bei der Museksredaktioun eran. Dovunner géifen zwëschent 30 a 40 Titelen an de Programm opgeholl ginn. Als Verglach: Aus dem Ausland géif RTL all Woch eng 100 Titele kréien.

Bei Eldoradio léich den Undeel vu Lëtzebuerger Artiste bei zwee Prozent, sou de Jules Serrig. De Museks-Chef vum Jugendsender huet erkläert, datt hien am Mount ronn 12 Titele vu Lëtzebuerger Artiste geschéckt kritt. Dovu géifen der am Schnëtt aacht gespillt ginn. Sief et an der Rotatioun, sief et am Chartbreaker oder an enger spezialiséierter Museks-Emissioun.

D’Vertrieder vun deenen zwee kommerzielle Radioen hunn ënnerstrach, datt vill vun der Musek, déi si proposéiert kréien, net an hiert Format géif passen. Entweder aus stilisteschen oder aus produktiounstechnesche Grënn. Vun de Museker wënscht de Gerard Floener sech d'Bereetschaft, net just Konscht ze maachen mee och mol "kommerzielle Schäiss".

Autorerechter als Akommes

Museker wieren op Radio-Airplay ugewisen, sot de Museker a Produzent Joel Heyard. Nëmme sou géif de Lëtzebuerger Public vun hinnen héieren. Lidderschreiwer a Komponiste géifen duerch d’Ausschëddunge vun der Verwäertungsgesellschaft Sacem finanziell Mëttele kréien, déi et hinne géif erlaben, an nei Produktiounen z’investéieren.

D'Table Ronde an de Rotonden

2015 huet d’Sacem iwwert eng Millioun Euro u 450 Createure verdeelt. Déi Zuel kéint vun de Radioen nach an d’Luucht gedriwwe ginn, sou de Maxime Bender, deen d’Sacem vertrueden huet.

Echange zwëschent Radioen a Museker

D’Radioe misste méi op d’Artisten duergoen, huet de Joel Heyard gefuerdert. De Jean-Paul Hoffmann hat zwou praktesch Recommandatiounen un d’Museker: D’Museker sollte méi produzéieren a sech besser verkafen. De Pool u Musek, déi kéint gespillt ginn, kéint méi grouss sinn. An eng Museksredaktioun, déi just aus e puer Leit besteet kéint net alles matkréien, wa kee géif driwwer schwätzen.

Riets goung och vun enger nationaler Plattform, op déi all nei Release kéint eropgeluede ginn, an op déi d’Radioen Accès hätten. Donieft géif dat en Echange zwëschent deene verschiddenen Acteuren erméiglechen. Sou eng Initiative misst awer vun der Branche selwer entwéckelt ginn, sou de Marco Batistella vum Kulturministère.

D’Table Ronde gouf vun der Federatioun vun den Auteuren a Komponisten (FLAC) organiséiert.


Audio: Déi integral Konferenz vum 13. Juni 2016, opgeholl an de Rotonden.

Table Ronde Airplayplay_arrow