Maîtrise Sainte-Cécile Lëtzebuergesch Kläng am Stephansdoum

"Et ass eng grouss Éier fir eis alleguerten", seet den Dirigent vun der Maîtrise, de Marc Dostert. Duerch e kulturellen Echange, deen iwwer déi Lëtzebuergesch Ambassade an Éisträich organiséiert gouf, kann de Chouer am Stephansdoum zu Wien sangen.

Luc Boentges

Lëtzebuergesch Kläng am Stephansdoum
D'Maîtrise bei enger Prouf mam Dirigent Marc Dostert

Zu Wien interpretéiert d'Maîtrise d'"Missa Ave Spes Nostra" vum Laurent Menager. De Choix wier op dëse Komponist gefall, well ee gäre Lëtzebuerg Musek mat op Wien géif huelen a gläichzäiteg dem Komponist säin 120. Doudesdag feiere wéilt, seet Marc Dostert.

Dësen Optrëtt ass um Enn vun der Summerpaus, eng Zäit, an där Chéier normalerweis net prouwen. Dëse Summer war d'Situatioun fir d'Maîtrise awer eng aner, well se op den Hochzäitsmasse vun zwee vu senge Membere gesongen huet. Deementspriechend d'Summerpaus souwisou scho méi kuerz.

Och a punkto Motivatioun ka sech den Dirigent net beschwéieren. Mat esou engem Projet, wéi deem vun der Rees op d'Wien, géif déi nämlech klammen.

"Op jiddwer Fall, well mir hunn nees en Zil, an ech mengen et séngt ee jo net all Dag am Stephansdoum."

Dës Mass kann een och zu Lëtzebuerg iwwer de Livestream vum "Klassik Radio Stephansdom", e Sonndeg (11.09) um véierel op zéng suivéieren.

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

Arvo Pärt
Ordre de la Couronne de chêne

D'Iwwerreechung wier e "Symbol fir d'Zesummebréngen an eiser Zäit", seet den Ambassadeur Ronald Dofing a betount den humanistesche Charakter an d'Bréckefunktioun vum Komponist a senger Musek.

Carilloneur Fabrice Renard
Les Ballades du Carillon

An der Basilika zu Iechternach steet an engem vun den Tierm ee Carillon - een Instrument wat net vill Leit kennen. Véier Mol am Summer spillt de Fabrice Renard do op ongeféier 80 Meter Héicht e Concert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen