Radioen

On air

Notturno  |  Little Kid - Something To Say

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lidder vun ëmmer a vun iwwerall

Singer Songwriter

Lidder vun ëmmer a vun iwwerall

Mat nëmmen engem Stëmmapparat an e puer Lidder an der Täsch huet de Lëtzebuerger Museker Daniel Balthasar sech op de Wee an Norwege gemaach, méi genee op déi entleeën Insel Giske. An den Ocean Sound Studios, déi sech op hirem Internetsite selwer als Studio um Enn vun der Welt beschreiwen, huet hien do mat de Musekerkolleege Michel Mootz a Charel Stoltz eng nei EP opgeholl. Eng éischt Single "Burning" ass zënter leschte Freiden dobaussen. Mat Gittaren a Sträicher kléngt et fir d'éischt emol wéi en typescht Daniel-Balthasar-Stéck. An awer ass et e bëssen anescht.

auto_stories

2 min

"Can you feel at home in a house where the roof is burning?", heescht et am Text. Keen typescht Daniel-Balthasar-Lidd, dofir awer en ontypesche Protestsong. Hie wier kee politesche Sänger, sot den Daniel Balthasar an eisem Interview an der Emissioun "Kultur um 5". Et géife Museker ginn, déi Lidder schreiwe vun hei a vun elo, hien awer wéilt Lidder schreiwe vun ëmmer a vun iwwerall.

Wéi den Daniel Balthasar am Februar, nom Iwwerfall op d'Ukrain, gefrot gouf e bekannt Friddenslidd op Lëtzebuergesch ze interpretéieren, do huet dat sech fir hien einfach net richteg ugefillt. Well et net seng Wierder waren a well hien och léiwer Lidder schreift, déi Froe stellen amplaz Äntwerte ginn. Trotzdeem huet et him onméiglech geschéngt, net Positioun ze bezéien: "Et ka jo net sinn, datt elo esou eng Kris an der Welt ass, an ech ka mech net dozou äusseren." Also huet hie seng eege Manéier gesicht fir e Protestsong ze schreiwe mat deem hie senge Kanner kéint erklären, wat de Moment an der Welt geschitt, an esou ass déi nei Single "Burning" entstanen.

Ouni Drock schaffen

D'Stéck soll Deel gi vun enger EP, déi hirersäits den Ufank ass vun engem méi grousse Projet, engem Duebelalbum mat 4 EPs, déi all op ënnerschiddlechen Inselen opgeholl ginn. Norwege war déi éischt Statioun, déi nächst soll Island ginn. Schonn zënter e puer Joer bucht den Daniel Balthasar reegelméisseg legendär Studioen uechtert Welt fir seng Musek opzehuelen: Hien huet schonn an dem Peter Gabriel senge Real World Studios geschafft an am Château d'Hérouville, an deem dem Elton John säi Kultalbum "Honky Château" opgeholl gouf. Wéini d'EPs erauskommen, kann den Daniel Balthasar nach net soen, an hie wëll sech och net ënner Drock setzen oder setze loossen. Am léifste well hie sech selwer ganz aus senger Musek eraushalen - net ëmsoss gesäit een hien ni op sengen Albumcoveren, a wann, dann nëmmen deelweis oder verfriemter Form.

Kengem anere seng Erwaardungen erfëllen

Stoung him déi Haltung ni am Wee? Besonnesch elo, an enger Zäit, wou d'Tendenz éischter ass, datt der Perséinlechkeet méi Opmierksamkeet geschenkt gëtt wéi der Musek. Dach, absolut hätt dat him heiansdo d'Weiderkomme méi schwéier gemaach, mengt den Daniel Balthasar, mee domat kann hie mëttlerweil gutt liewen. Hien huet am Laf vun de leschten 20 Joer zënter sengem éischten Album "Fingerprints" (2003) e ganz eegene Karriärsplang entworf, jenseits vum Stress an dem Drock aner Erwaardunge mussen ze erfëlle wéi seng eegen.