Radioen

On air

De Moien  |  Pharrell - Richard Mille

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lisa Bassenge "Canyon Songs"

Album vun der Woch

Lisa Bassenge "Canyon Songs"

Chanson meets Jazz, mat Aflëss vu Pop an Elektronik. Déi däitsch-iranesch Sängerin Lisa Bassenge covert Kompositiounen aus de 60er a 70er Joeren ‘made in California’. Den Album vun der Woch vum 16. op den 22. November. Een Tipp vum Fred Medernach aus der Museksredaktioun.

auto_stories

2 min

Lisa Bassenge

D’Lisa Bassenge ass Däitsch-Iranerin mat Wunnsëtz Berlin. De Genre, an deem si sech wuel fillt, ass eng Mëschung aus Chanson an Jazz. Och Pop an Elektro däerfe roueg emol d’Nues mat erastiechen. Eng vun de Gruppe bei deene si regelméisseg matmécht ass re:jazz

Um Album "Canyon Songs"  huet d'Sängerin sech fir eelef Lidder entscheed, déi alleguer a Kalifornien doheem sinn a vun do aus uechtert d’Welt gaange sin. Et sinn eelef Reprise vun Tittelen, déi am Laurel Cayon, enger Wunngéigend zu Los Angeles, entstan sinn. Besonnesch an de Siechzeger hu sech vill Kënschtler hei néiergeloos. D'Lidder um Disk hunn all ee kalifornesche Sixties-Touch: entspaant, roueg, onopgereegt...

Ofgemëscht gouf d'Musek vum Grammy-ausgezeechente Larry Klein, den Ex vun der Joni Mitchell. Kee Wonner, datt och hir Kompositioun "The Same Situation" um Album ze fannen ass. Oder och der Rickie Lee Jones hiren "Texaco-Song".

Fir d’Opname vu "Canyon Songs" huet d’Lisa Bassenge sech a Richtung L.A. opgemaach. Si mécht Reprise vun den Doors, dem Tom Waits, Elliott Smith, James Taylor, Warren Zevon, de Beach Boys oder dem Stephen Stills. Sechzeger a siwwenzeger Kascht, déi gëllen Zäit am Laurel Canyon. Just den Elliott-Titel ass vun 1997.

Begleed gëtt d'Lisa Bassenge vun enger klenger Band, déi d’Akzenter do setzt wou se higehéiere. Gäscht am Studio waren de norwegesche Gitarrist Thomas Dybdahl an den Trompettist Till Brönner. "Canyon Songs" ass eng relax Saach. just op engem eenzege Titel, dem "All Stripped Down" spruddelt den Elektro mol e Stéck méi hefteg - trotzdem a Grenzen. Natierlech ass et en Defi, sech un den Doors hire "Riders On The Storm" erunzewoen. All Mënsch huet de Morrison am Ouer. Mee och der Lisa Bassenge hier Versioun rullt. Sécherlech och wëll den Zockergoss, deen hir Stëmm erlabe géif, op der Säit blouf. "Canyon Songs" ass en agreabelen Ausfluch an de kalifornesche Laurel Canyon bei deem ee sech einfach zeréckleeë kann.