Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LUMP - LUMP

Album vun der Woch

LUMP - LUMP

LUMP ass eng nei Band, mee keng Newcomer. Deel vun hirer kollaborativer Debutplack sinn och d'Ëmstänn vun hirer Entstehung. D'Laura Marling daucht déif an de Folk eran, während Partner Mike Lindsay op de Synthien de rhythmesche Contrepoint kultivéiert.

auto_stories

3 min

Viru bal genee engem Joer si sech déi britesch Singer-Songwriterin Laura Marling an de Member vun der Folktronica Formatioun Tuung, de Mike Lindsay beim Bowling an der O2 Arena zu London iwwer de Wee gelaf, wou de Lindsay am Virprogramm vum Neil Young gespillt huet. Wat och ëmmer tëscht hinne geschitt ass, war schonn zwee Deeg drop prett, fir an engem Studio ongezwonge Formen unzehuelen. Als gemeinsam Inspiratioune gi si de surrealistesche Manifest an de Father John Misty un.

Den Album geet lass mat déiwe Bléiser a gefiltertem Rauschen, an dat sech fir d'éischt der Laura Marling seng chorusséiert semiakustesch Gittar leet, an duerno hiren ongekënschtelten Alto. Ee Virzeeche fir dat wat kënnt, een Album nämlech, dee sech am Sound an an den Arrangementer net ville Fräiheete verwiert. E Mier vu Backgroundstëmmen a méi Bléiser schafen Atmosphären, déi un d'Kate Bush erënneren, mee mat enger vill manner geluedener an ustrengender Stëmm.

"Late to the Flight" heescht den Opener vum Album, an e kreéiert genee déi Impressioun vun zäitlechem Decalage, déi een an den Esprit vum Album erabréngt.

Anekdotesch erënneren d'Säiteninstrumenter an d'Stëmmen un d'80er Joren, wéinst dem intensive Gebrauch vun digitale Chorus- a Reverb-Effekter. Dorënner leet de Lindsay emol knackeg analog lafend Synth-Basslinnen, mol Flütt, während d'Laura Marling mat der Stëmm déi wäitst méiglech Evolutioune vun hire Melodië siche geet. Dëst mat enger gewëssener Nonchalance, déi géif improviséiert klengt, wann déi elektronesch Arrangementer net esou detailléiert a räich definéiert wieren.

Mee net alles ass hei "dreamy" a léif. Vill méi groovy gëtt et zur Mëtt vum Album hin, wou een e kloren Héichpunkt vu méi einfach strukturéierte Songs virfënnt. "Curse of the Contemporary" mat senge liddereg, groovege Bass- a Gittarparts, an der arabiséierender Gesangsmelodie bréngt och Rhythmesches an eng Plack, déi ee sech bal ausschliisslech melodesch erwaart hat.

Op "Hand Held Hero" geet d'Marling déif an de Folk eran, während de Lindsay op de Synthien e rhythmesche Contrepoint un der Grenz zum Onbequeme kultivéiert.

Eng surreal Rees

Déi knapp 32 Minutte Musek summéiere sech um Enn zum Androck vun enger surrealer Rees duerch ënner Landschaften. Visuellt Maskottche fir déi entstanen Alchimie tëscht Marling a Lindsay ass eng Aart Yeti-Kreatur um Album-Cover, déi an Zukunft soll weiderfuere sech selwer ze erschafen, mat minimalen Agrëff vun hinne selwer, esou déi zwee Kënschtler am Interview mam britesche Museksmagasinn NME.

Wat dës Plack um Enn esou aussergewéinlech mécht, ass déi scheinbar onbegrenzte Fräiheet an där se evoluéiert, an déi Befreitheet vun alle virgefäerdegte Representatiounen, déi se erfëlle misst. E bësse wéi e Cadavre Exquis si seng surrealistesch Wuerzele kee stilistesche Gimmick, mee eng trei Uwennung vu surrealistesche Prinzipien: Automatic Writing, Plaz fir dat Onbewosst, seng Formen ze fannen, an transitoire, wéi ee Moment, deen een afänkt.